Queer Arts Festival

30 juin. 2022
Queer Arts Festival

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Pit Gorges

Den 1-3 Juli fënnt den Queer Arts Festival am Batiment3 zu Esch statt. Mir hunn dem Andy Maar, dem Coordinateur vun dësem Festival zesummegesat an him e puer Froe gestallt.

Et ass déi éischte Kéier, dass esou ee Festival op d’Been gestallt gouf, wat ass d’Motivatioun dohannert gewiescht?
Eis Associatioun Rosa Lëtzebuerg hat schonn éischter e Festival dee sech mat queerer Konscht befaasst huet. "Les Transculturelles", dee vun 2001 bis 2009 organiséiert gouf, war awer zu groussen Deeler op de Film accentuéiert.

Ab 2010 gouf de Festival awer a reduzéierter Form an d'Pride Week integréiert, well et deemols u Bénévole gefeelt huet, fir zwee Festivale pro Joer parallel ze stämmen.
Den Haaptgrond fir elo de Queer Arts Festival ze plange war awer d'Tatsaach, datt et zu Lëtzebuerg net nëmme vill méi queer Kënschtler*inne gëtt, mee gläichzäiteg och kaum nach Plazen, wou queer Kultur ugemoossen erliefbar gemaach ka ginn.

D'Pride huet dat wärend elo méi wéi 10 Joer versicht ze kompenséieren, allerdéngs huet et eis och Leed gedoen, wann d'Aarbechte vun Kënschtler*innen nieft deene villen anere Evenementer a virun allem wärend engem Stroossefest e bëssen ënnergaangen sinn. D'Kulturhaaptstad ëm Esch2022 huet eis dunn den perfekten Ament geschéngt, fir esou e Konschtfestival nees opliewen ze loossen, och wann de Queer Arts Festival dëst Joer aus reng organisatoresche Grënn nach an d'Pride Week fält.

Wéi vill Austellungsräim sinn et a wou ass et ze fannen?

Nodeems d'Konschtausstellung déi lescht 11 Joer wärend der Pride Week ëmmer am Escher Theater war, si mer frou, datt mir fir de Queer Arts Festival dëst Joer d'Raimlechkeete vum Bâtiment4 zu Esch kënnen notzen, deen sech mëttlerweil jo als Plaz an der Konschtzeen etabléiert huet. Dëst erméiglecht eis méi Kënschtler*innen eng Plaz ze bidden.

De Bâtiment4 wäert iwwregens wärend der ganzer Woch och eise Pride-Headquarter sinn, wou mir ë.a. en Informatiounszenter hunn a wou mir vum 2. bis 10. vill verschidden Evenementer ubidde kënnen.

Mir plangen am Ament mat 5 Raim souwéi der Plaz ronderëm de Bâtiment4.

Wat ass de Queer Arts Festival? A wat kënnen d’Visiteuren erwaarden?

De Queer Arts Festival ass en multidisziplinäre Konschtfestival deen de Fokus op queer Kënschtler*innen aus an ëm Lëtzebuerg leet. Niewt Photographien a Molerei wäert et während dem ganz Weekend och Musék an Danzperformances esouwéi Installatiounen ginn. Ugeschloss un de Bichersalon, deen am Kader vum Queer Arts Festival seng Plaz huet, sinn och nach eng Rei Liesunge vu verschidden Auteur*innen a Poetry Slam virgesinn.

Wien ass hei alles vertrueden? Weivill Artiste goufe geruff?

Mir haten hei ugangs dës Joers en Opruff lancéiert wou Kënschtler*inne sech melle konnten. Iwwer 21 Konschtschafend wäerten elo hir Aarbechten den 2. an 3. Juli um Queer Arts Festival presentéieren.
Esou wäerten ë.a. d'Wierker vum Pit Reding, Bruno Oliveira a Luan Lamberty ze gesi sinn, souwéi Liesunge vun Auteur*innen ewéi dem Romain Butti oder der Marey Carey.

Wéi geet et no der Pride Week weider mat der Ausstellung?

No der dësjäreger Ausgab soll et nach net eriwwer sinn. Eise Plang wier et fir de Queer Arts Festival am Rhythmus vun zwee Joer ze organiséieren, esou datt et eng Biennale wier. Mir ginn den Ament awer dovunner aus, datt de queere Konschtfestival an Zukunft zäitlech vun der Pride Week getrennt wäert sinn, esou datt en am Fréijoer oder am Hierscht kéint stattfannen.

Et sollt eng Biennale draus gemaach ginn, ass een zouversiichtlech, dass dëst fir d’Pride 2024 de Fall wäert sinn?

Dat ass op alle Fall de feste Wëlle vu jidderengem deen hannert de Kulissen involvéiert ass. Ma fir d'alleréischt konzentréiert sech eist Organisatiounsteam elo op déi dësjäreg Pride Week, dono waarde mer de Feedback vu Public a Kënschtler*innen of an dann huele mer dann déi nächst Ausgab an Ugrëff.

ARTICLES