Richtung22 - Mis(s) Representation !

06 juil. 2023
Richtung22 - Mis(s) Representation !

© Richtung22
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: culture.lu

Ouni Hierarchie an ouni fest Aufgaben- a Rolleverdeelung, dofir awer mat groussem politeschem Tatendrang a vill kreativer Energie, realiséiert Richtung22 elo scho säit 13 Joer Filmer, Theaterstécker, Magasinner, Performances a vill weider Konschtprojete souwéi Aktiounen, a kommentéiert domat d’politesch Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Mam Ada, wat säit 2015 Member vum Ensembel ass, schwätze mir iwwert déi nei Produktioun vu Richtung22, Mis(s) Representation !, eng Performance, déi de 7. Juli 2023 am Ratelach an der Kulturfabrik stattfënnt an sech em d’Thema pinkwashing dréint.

Mis(s)representation !, © Richtung22
    Mis(s) Representation !, © Richtung22

Vum 1. bis 9. Juli 2023 fënnt d’Luxembourg Pride Week statt a Richtung22 bedeelegt sech, wéi gewinnt, mat enger brisanter satirescher Performance un de Festlechkeeten: Gesicht gëtt de Landesmeeschter/d’Landesmeeschterin am pinkwashing. Wat ass pinkwashing a wéi setzt dir eech an ärer Performance domat auserneen?

Pinkwashing ass, wann Firmen, Regierungen oder aner Institutiounen sech no baussen als pro-LGBT+ an doduerch sympathesch a progressiv duerstellen, mee an der Realitéit näischt Konkretes fir d‘Gläichstellung vun der queerer Bevëlkerung maachen. Deelweis kënnt dozou, dass si souguer homophob an transphob Beweegunge finanziell an aktiv ënnerstëtzen, wärend se sech a Reeboufaarwen umolen.
Fir d‘Performance an der KuFa hu mir eng Rei vun ënnerschiddlechen Institutiounen, déi zu Lëtzebuerg pinkwashing bedreiwen, an archetypesch Personnage verwandelt. Eis Recherchen zu konkrete Virfäll an Dynamike fléissen an déi eenzel Personnagen, déi zwar fiktiv sinn, mee als Figuren z.B. Gentrifikatioun, Educatioun, de Staat, d‘Big 4 an d'Finanzplaz, Grousskonzerner a kapitalistesch Schwulevereenegunge representéieren. Duerch d‘Struktur vun enger (Drag-)Competitioun kritt all „Contestant“ d‘Méiglechkeet, sech als bescht*en Pinkwasher*in ze beweisen a Saachen, déi soss éischter verstoppt ginn, oppen ze erklären.
 

Wou verleeft d’Grenz tëschent pinkwashing an enger eescht gemengte Solidaritéit mat der LGBT+ Beweegung? Wou stéisst een hei zu Land op dëst Phänomen?

Den Ënnerscheed läit an de konkreten Aktiounen, déi mat de progressive Geste kommen. Wann e Reebou-Logo net mat dauerhafter finanzieller an/oder politescher Ënnerstëtzung fir d‘LGBT+ Beweegung verbonnen ass, ass dat pinkwashing. Wann eng Firma fir ee Mount eng gay-friendly Marketing-Campagne lancéiert, awer an hirer interner Politik trans- an homophob Praktiken net grondsätzlech iwwerdenkt, ass dat pinkwashing. Wa Consulting-Firme Milliounen u faschistesch Politiker*innen an den USA spenden, awer gläichzäiteg op bal all Pride an Europa hyper-visibel sinn, ass dat pinkwashing. D‘Grenz verleeft genee do, wou hir Intentioune leien. Am Allgemengen ass et zimmlech einfach festzestellen, ob eppes eng PR-/Image-Campagne ass, oder eng eeschtgemengten Deklaratioun vu Solidaritéit, déi mat struktureller Verännerung an ëffentlechem Gerechtegkeetskampf verbonnen ass.

Fir konkret Beispiller ze héieren, ass et eng gutt Iddi, sech d‘Performance unzekucken. Hei just e puer Teaseren: Zu Lëtzebuerg gëtt d‘Pride vun 3 vun de Big 4 (Ernst & Young, Deloitte, PricewaterhouseCoopers, KPMG) gesponsert, déi net just parallel aktiv d‘Rechter vun trans Persounen zerstéieren, mee och allgemeng als profitorientéiert Konzerner enger emanzipatorescher Gesellschaft entgéintstinn. Een anert Beispill ass de Staat, deen en nationale Plang fir d‘Rechter vun LGBT+ Persounen lancéiert huet. An dësem stinn zwar grouss utopesch Ziler, mee keng konkret Mesuren an Zäitpläng, an net vill Progrès fir finanziell Ënnerstëtzung vu reellen Initiativen. Och méi allgemeng ass d‘Akzeptanz vun Homosexualitéit Deel vum Nation Branding vu Lëtzebuerg, z.B. iwwer d'Ënnersträichen vu neoliberalen schwulen Politiker. Méi radikal trans an intersex Themen ginn beschtefalls komplett ignoréiert. Am schlëmmste Fall gëtt awer och transphob Propaganda verbreet oder z.B. eng Politik gefouert, déi queer Geflüchteter net unerkennt, hinnen keen spezielle Schutz bitt oder se direkt expulséiert.
 

Op der enger Säit huet een also pinkwashing als eng Form vu Kommerzialiséierung vun der queerer Beweegung duerch Entreprisen an aner Acteuren. Op der anerer Säit gëtt et awer de Contraire, also Institutiounen, déi sech aus verschiddenste Grënn bewosst vun der LGBT+ Beweegung distanzéieren. Adresséier dir dës Thematik och an ärer Performance?

Pinkwashing als Strategie, Oppenheet ze performen, awer den diskriminéierende Status Quo weider ze erhalen, kënnt schlussendlech vun der selwechter Säit wéi méi aktiv Diskriminéierung an Distanzéierung. Béides schafft op een Zoustand hin, wou eis Rechter agegrenzt ginn a bleiwen. Si ënnerscheeden sech nëmmen an hirer Optik, mee stiechen ënnert der selwechter Decken an d‘Konsequenze fir d‘Liewensrealitéit vu betraffene Leit sinn déi selwecht. An der Performance geet et ënner Anerem och ëm dës Dynamik an déi neoliberal Taktiken, fir al Oppressiounsmusteren ze verstoppen an ze iwwerdecken.

Natierlech gëtt et zu Lëtzebuerg och ganz traditionell a plakativ Homophobie an Transphobie. Mee eis ass et bei dëser Performance wichteg opzeweisen, dass et de spezifesche Problem vum pinkwashing gëtt a wéi fatal dësen ass. Dat praktesch z'entschëllegen andeems ee soe géif, dass et "anzwousch anescht jo nach méi schlëmm ass" wier onsachlech, a géif d'Thema dat mir uschwätze verfeelen.
 

Wéi eng Form vu Representatioun vun LGBT+ Sujeten géif dir eech – mat Bezuch op den Titel vun ärer Performance – dann an der Politik souwéi an der Kultur, oder méi allgemeng, am gesellschaftlechen Discours zu Lëtzebuerg wënschen?

Den Titel vun der Performance spillt dorop un, dass duerch Representatioun wéi z.B. an de Reklamme vu Budweiser oder Burger King oft méi Schlechtes erreecht gëtt wei Guddes. An dësem Sënn wënsche mir eis net onbedéngt Representatioun, mee konkret Verännerungen, Solidaritéit an Ënnerstëtzung. Duerch Visibilitéit ginn z.B. trans Leit deelweis nach méi a Gefor bruecht, wann se am Fong legalen a soziale Schutz, mënschewierdeg medezinesch a psychologesch Ënnerstëtzung a finanziell Nouthëllef am meeschte brauche géifen. Natierlech hätte mir gäre méi Opmierksamkeet fir d‘Stëmme vun trans Leit, Lesben, net binäre Leit an intersexuelle Persounen an all Beräich, well déi de Moment net just an der queerer Community, mee an der Gesamtgesellschaft extrem onausgeglach ass. Mee politesch Commitments, z.B. fir eng legal Alternativ zum binäre Geschlecht, oder fir eng méi aktuell, systematesch wëssenschaftlech Opklärung iwwer queer Themen, Kierperen a Geschichten si méi dréngend. Representatioun vu symboleschen Tokens an de Verwaltungsréit vu Banken oder an de Medien ass am Endeffekt eng iwwerflächlech Behandlung vu Symptomer.
 

'Plaza Financia', Mis(s)representation !, © Richtung22
    'Plaza Financia', Mis(s) Representation !, © Richtung22

Richtung22 ass bekannt fir hier satiresch Ausernanersetzung mat der politescher Aktualitéit hei zu Land a polariséiert gären. Wat sinn är Zieler a wéi eng Plaz hëlt d‘Kollektiv souwuel am politeschen Discours wéi och an der kultureller Landschaft zu Lëtzebuerg denger Meenung no an?

Eis Ziler si selbstverständlech d‘Enn vun der Lëtzebuerger Finanzplaz, d'Enn vun Nationalstaaten, d'Enn vun der Klimakris an dat alles am beschte mat enger säfteger Revolutioun.

Mir gi gären als dat schlecht Gewësse vu Lëtzebuerg bezeechent. Dat ass erstaunlecherweis dacks net positiv gemengt, mee wéi wa mir schlecht Stëmmung an engem dach sou schéine Land verbreede géifen. Zu Lëtzebuerg gi politesch Diskussioune gären direkt als "Polemik" bezeechent a "Polariséierung" als negative Prozess ugesinn. De Lëtzebuerger Schoulsystem erzitt eis net als kritesch Mënschen, mee trainéiert eis Hierarchie-Gleewegkeet un. Et kritt een d'Gefill vermëttelt, dass ee sech polariséiert Debatten net erlabe kéint - dobäi sinn déi batter néideg fir eng funktionéierend Demokratie. Eise Grupp versicht, besonnesch jonke Leit ee Fräiraum an der materialistescher, erdréckender Lëtzebuerger Gesellschaft ze schafen. Dëse Fräiraum oprecht z'erhalen an ze vergréisseren an hei Kreativitéit z'erméiglechen ass ee wichtegt Zil vum Grupp. Eis Konschtprojete sollen awer och opklären an emanzipéieren. Mir beschäftegen eis mat lokalen Themen - awer doduerch och mat globale Problemer wéi der Finanzplaz a sozialen Ongläichheeten, dem Kolonialismus, Konzerner wéi ArcelorMittal an Ernst & Young, Policegewalt an dem Patriarchat, etc.

Doduerch vertriede mer och eng kloer Positioun an Diskussiounen an der Konschtwelt fir Konscht déi sech aktiv amëscht a Positioun ergräift. Am Ugesiicht vun deene ville Mënschheetskrise spillt d'Konscht eng wichteg gesellschaftlech Roll, virausgesat se kënnt aus dem elitären Eck eraus. Insgesamt brauch de Konschtsecteur méi Onofhängegkeet a Selbstbewosstsinn.
 

Als kulturpolitescht Sproochrouer erfëllt Richtung22 hei am Land also eng wichteg Roll. Wéi eng finanziell oder aner Ënnerstëtzung kritt dir bei der Realiséierung vun äre Projeten a wat bräicht et fir är Ambitiounen och kënfteg ze verfollegen? Op wéi eng Produktiounen duerf sech de Public an der nächster Zäit freeën?

Vill Aarbecht bei Richtung22 ass nach ëmmer Benevolat. Mir sinn awer mëttlerweil ë.a. vum Kulturministere konventionéiert, hunn e Subside vun der Gemeng Esch a schaffen de Moment och un engem gréissere Projet zur lëtzebuergescher Kolonialgeschicht, dat vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt gëtt. Am Moment kämpfe mir zu Esch fir de Bâtiment 4, ee Gebai, dat eigentlech als selbstverwaltete „tiers-lieu culturel“ ugeduecht gouf, mee dat zanter leschtem Dezember staark ënner Drock steet. D'Prioritéit vum Escher Kulturschäffe läit bei Mega-Events an dem Sanéiere vu Festunge fir d'Héichkultur - de Bâtiment 4 kéint dëser Politik Enn September endgülteg zum Affer falen. Op laang Siicht si mir also op der Sich no enger Gemeng, déi eis dauerhaft finanzéieren an hebergéiere wéilt.

Eis nächst Saison ass a Virbereedung a mir wäerten nees mat ganz ënnerschiddleche Konschtforme schaffen - eisen nächste Film gëtt elo Enn vum Summer gedréint. Zum Thema wëlle mer nach net ze vill verroden, mee et wäert ëm Entwécklungen an der lëtzebuergescher Medielandschaft goen.