OPUS INCERTUM - Den Daniel Wagener am Pomhouse

23 fév. 2024
OPUS INCERTUM - Den Daniel Wagener am Pomhouse

Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer

„Wéi war dat fir dech de ‚Luxembourg Photography Award‘ ze gewannen?“ – „Flott.“ Dréchen, awer mat Witz, bréngt et den Daniel Wagener am Interview mat culture.lu op de Punkt. Keng Fisematenten. Fir gréisser Ausféierunge steet him d’Curatrice Danielle Igniti zur Säit. Eng Rencontre.

Zejoert gewënnt den Daniel Wagener den éischte Luxembourg Photography Award (LUPA) a qualifizéiert sech domat fir eng Participatioun un de Rencontres d’Arles, dem renomméierte franséische Fotografie-Festival. Am Centre national de l’audiovisiuel (CNA) presentéiert hien d’Neioplo vu senger Ausstellung Opus Incertum elo och dem Lëtzebuerger Public.

D'Danielle Igniti an den Daniel Wagener am Pomhouse, CNA © Ben Kraemer
D'Danielle Igniti an den Daniel Wagener am Pomhouse, CNA © Ben Kraemer

Tëschent Grafik, Fotografie a Brout

Um Lampertsbierg mëscht den Daniel Wagener säin éischte Kontakt mat der Konscht. Vun der Section artistique am Lycée des Art et Métiers mëscht hien de Sprong an d’Ausland, studéiert fir d’éischt Grafik zu Berlin, da Fotografie zu Bréissel. 

„Du has mech direkt nom Studium u sech gefrot fir bei dir eng éischt Ausstellung ze maachen“, sou den Daniel zum Danielle. „Jo, dat war zu Diddeleng. Déi Zäit hunn ech nach d'Neiliicht an den Dominique Lang gefouert“, äntwert d’Danielle. Esou kënnt de Fotograf 2017 zu senger éischter Solo-Ausstellung. Vun do u geet et virun. Nach am selwechte Joer bréngt hien eng Installatioun an d‘Vitrinn vun der CeCiL’s Box am Cercle Cité a gewënnt de Prix Edward Steichen, deen hie fir eng Residenz op New York féiert. Spéider stellt hien am Optrag vum Casino op der Luxembourg Art Week eng Expo op d‘Been. Och e performative Bak-Atelier virum MUDAM zielt hien zu sengem Œuvre.

Den Artist beweegt sech tëschent den Disziplinnen. „Ech rutschen ëmmer e bëssen a sou Saachen eran. Zum Beispill hunn ech zu Bréissel eng Dréckerei. U sech wollt ech just ee Buch drécken, du sinn ech awer dobäi bliwwen“, erzielt hien. Mëttlerweil ass den Drock säin zweet Standbeen.

Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer
Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer

„Zu Arles trëfft sech d’Welt.“

Am Joer 2022 gëtt den Daniel Wagener fir de LUPA nominéiert. Mat sengem Dossier fir eng Ausstellung, in situ an der Chapelle de la Charité zu Arles, setzt hien sech virun enger internationaler Jury géint dräi Kontrahent*innen duerch. Am Summer 2023 kritt hien domat d’Geleeënheet, säi Projet op de Rencontres d’Arles ze realiséieren.

„Als Fotograf weess een, wat déi Ausstellung bedeit. Do trëfft sech d’Welt“, sou den Daniel. Säit der leschter Editioun vun de Rencontres d’Arles ass déi lëtzebuergesch Delegatioun Lët’z Arles zudeem am sougenannten IN vum Festival vertrueden. „D’Organisateuren/-tricen hunn eis mat allem versuergt a mir waren Deel vun hirem Programm. Mir hu richteg dozou gehéiert“, sou d’Danielle Igniti, dat och d’Vizepräsidentin vun der Lët’z Arles ASBL ass. „Eise But ass et, eise Kënschtler eng international Visibilitéit ze verschafen. Ech mengen, dat ass eis zimmlech gelongen.“ Donieft gëtt et e Buch zur Ausstellung an den Artist kann seng Tiragë spéider behalen. Um Enn vum alljärleche Projet steet schliisslech eng Reprise vun der Expo am Grand-Duché. „Mir schaffe mat ëffentleche Gelder“, sou d’Danielle, „dohier si mir an der Obligatioun, déi Ausstellung dono och heihinner ze bréngen, fir all déi Leit, déi net kënnen op Arles goen.“

Fir vill Fotografe war den Treff zu Arles ewell ee Sprangbriet an hirer Karriär. Sou eppes gesäit een ëmmer eréischt no e puer Joer, mengt den Daniel. „Ech mierken awer, datt ech virun Arles mäi Fouss an d’Diere setzen a bëssen drécke misst. Elo awer ginn d’Diere lues a lues vum selwen op.“ Esou gëtt hie säit kuerzem vun der Galerie Valerius vertruede, wou hien ab dem 6. Juni 2024 wäert ausstellen.

Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer
Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer

Opus Incertum = Travail Incertain?

Opus Incertum, dat ass den Titel vun der Expo. Dat ass awer och de Numm vun enger réimescher Method am Mauerbau, bäi där een eng Rumm mat lauter onreegelméisseg geformte, klenge Steng opfëllt. Opus incertum, iwwersat, heescht och „onsécher Aarbecht“. „Fir mech war et och e bëssen e Geck“, seet hien a schmunzelt. „Ech wosst am Fong guer net sou genau, wat bei der Expo géing erauskommen.“

Sou assembléiert déi réimesch Maueren dohierkommen, sou assembléiert ass och seng Ausstellung. Si ass eng grouss Collage. Den Artist weist a senger Fotografie urban Zeenen a Chantieren, deenen hien eng Ästhetik entlackelt, déi am Alldag oft onbemierkt laanscht eis zitt. „Et geet dobäi vill ëm Konstruktioun“, sou den Daniel. „Ech si ganz manuell. Säit ech mech erënnere kann, sinn ech interesséiert um Bauen an dorun, Material ze verstoen an ze benotzen. Dat zeechent sech dann och a menger Fotografie of.“

Eng Foto weist e Koup Steng op enger Wo, eng aner en einsame Pabeiersbecher op enger fräi stoender Mauer. Seng Biller hunn eppes Absurdes. De Kënschtler zitt eng Parallelle zum visuellen Humor vum Rowan Atkinson. Et bräicht heiansdo net méi, wéi eng vill ze grouss Banann oder e vill ze klengen Telefon, fir driwwer ze laachen. „Dat ass komplett blöd, mee wann do e risege Fiels steet an e gëtt just vun engem klenge bloen Däppche festgehalen, dann ass dat witzeg.“

Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer
Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer

Eng Neioplo zu Diddeleng

Zur Arles stoung seng Expo an enger Kapell aus dem 17. Joerhonnert. Dës war am Laf vun hirer Geschicht mol eng Kierch virun der Revolutioun, mol e Lager ënnert dem Napoleon, mol e Party-Sall fir de schicken Hotel niewendrun. Fir d’Rencontres d’Arles awer war se leschte Summer e Konschtraum. Elo tauscht den Daniel de Sakralbau géint e fréiert Pompwierk aus.

Ob Kierch oder Industrietempel, fir d’Curatrice weisen dem Artist seng Biller Profanitéiten, déi am Kontrast mam sakrale Lieu, e Clin d’oeuil op eist modernt Konsumverhale sinn. „Ech amuséiere mech zwar, mee et soll awer bëssen eng Kritik sinn“, ergänzt den Daniel. Als Aktivist géif hien sech allerdéngs net bezeechnen. „Ech reege mech einfach nëmme gären op.“ Trotzdeem, den ekologesche Wëllen ass do.

Wéi schonn zu Arles hänken seng Biller am Pomhouse un Etagèren, déi ee vum Chantier kennt. E puer vun de Biller stinn op Sakkärercher a Schubbkaren a kënne vun de Visiteuren/-teuse fräi ëmplacéiert ginn. De Sujet vun der Baustell spigelt sech soumat och an der Zeenografie vun der Expo erëm. Et war dem Kënschtler wichteg, dat d’Material recyclabel ass. No der Expo ginn d’Etagèren zréck op de Bau, an aus de Biller, déi op héichwäerteg hëlze Placke gedréckt sinn, gëtt eng nei Kichen – sou de Plang. 

Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer
Opus Incertum, Daniel Wagener, CNA © Ben Kraemer

„Ech wëll mir méi Zäit huelen, méi fräi schaffen, méi kreativ schaffen.“

Bal sämtlech Konschthaiser huet den Daniel Wagener zu Lëtzebuerg passéiert, déi zwee gréisste Präisser fir Fotografie hei zu Land ofgeraumt an, zu gudder Lescht, un de prestigiéise Rencontres d’Arles mat enger Eenzelausstellung deelgeholl. Wat kënnt elo? „Elo geet alles de Baach erof“, geckst hien.

Effektiv stinn déi nächst Projeten awer scho fest: eng Ausstellung zu Paräis am Kader vun enger Buchvirstellung an eng Expo an der Galerie Valerius. Allgemeng wëll hien sech an Zukunft méi op d’Fotografie konzentréieren. „Ech wëll mir méi Zäit huelen, méi fräi schaffen, méi kreativ schaffen“, erkläert hien.

Als nächst awer steet de Vernissage vun Opus Incertum um Programm. Dëse fënnt de Samschdeg, de 24. Februar 2024 um 11 Auer, am Pomhouse zu Diddeleng statt. D’Ausstellung ass bis de 16. Juni 2024 ze gesinn. Dee Wee bis op Arles war nach ni esou kuerz.