Luc François

25 avr. 2024
Luc François

© Elena Arens
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nicolas Calmes

D’Ae vun engem Mäerder fixéiere meng. Säi Bléck deet mech onwuel. Et ass keng Faarf a sengem eckege Gesiicht, bis op ee Klacks Donkelgréng, deen him vun der Stier erofleeft. Hannert him – an him – ass ee laachend Monster, iwwert him d’Schrëftzich “Hilfe,” “Das Monstrum in mir wird explodieren.”

Manga- an Animefrënn:dinnen erkennen de Johan Liebert, Antagonist vu Monster. Ech halen awer net de Manga vum Naoki Urasawa an der Hand. D’Illustratioun ass vun der Lëtzebuerger Mangaka Sabrina Kaufmann, an hannert dem Cover befënnt sech eng Extreme Progressive Metal CD. Eng CD, déi mir de Luc François, Sänger vu Mindpatrol, iwwerreecht. Ech erkenne Stolz a sengem Geste, och wann all mënschlech Interaktioun vum Luc primär Witz an Ironie ausdréckt. Mir sinn op der Luxcon, dem festival de l’imaginaire, an de Luc verkeeft hei déi éischt EPen vum Minpatrol’er Monster Hommage. Och um Stand ze kréie sinn d’Mindpatrol Alben Ikaria a Vulture City, an dem Luc seng Romaner Wassterstand, Ikaria a Vulture City. Ech widderhuele mech net: munch Alben a Romaner erzielen déi selwecht Geschichten.

Am Gespréich zielt hie vu Monster, Mënsch a Musek.

Firwat gëtt et kee Releaseconcert fir d’Release vu Monster?

Mir wollte kee Releaseconcert maache well et sinn am Endeffekt dräi nei Lidder an ee Cover. Ee Cover ass witzeg op CD, mee live gesinn ech dat net esou. Ee Lidd, Nameless, dauert néng Minutten, huet ee Gaaschtoptrëtt vum Nils Wittrock vun The Hirsch Effekt an ass sou voll mat Orchestréierunge vum Louis Viallet, dass et deelweis dovu gedroe gëtt. Et gëtt et puer Mol am Lidd ëmgestëmmt – dat ass, wann een domme Sänger ee Lidd schreift. Dat heescht, et ass un der Grenz vum Ëmsetzbaren, an da géing nach villes vum Band kommen. Et bleiwen zwee Lidder, déi mir elo schonn an eisem Liveset hunn. Mir soten eis, hei, et ass de Luxcon Weekend, déi EP ass Anime-based. Mee mir spillen de 27. Abrëll nach um Wacken Metal Battle an der Rockhal. Do hu mer dat schéint Stéck dann dobäi. Net op Plack, well mir sinn déif an de rouden Zuelen. Mir maachen CDen.

Wéi war däi Schräifprozess fir d’Lidd Nameless?

Dat war eng weird Erfarung. Gi mer mol e puer Schrëtt zréck, an den Dezember 2021. All zweet Joer drénken ech net, 2021 war kee vun deene Joer. Et war de Schluss vum Joer. Ech hat nach vill Congésdeeg iwwereg. An mir hate jo deemools nach Pandemie, dat heescht, ech si brav doheem bliwwen. An ech hunn nach eng Kéier uerdentlech Gas ginn.

Nameless geet ëm den Antagonist, deen eng nihilistesch Astellung zum Liewen huet. Ech wollt de Fokus dorops leeën, dass hien an der Geschicht relativ oft ëm Hëllef rifft. Gutt, dat heescht, ech misst fir d’Lidd an ee méi düstert Mindset kommen. Well ech doheem souz an näischt ze dinn hat a grad eng Këscht Franziskaner prett stoung, hunn ech mer déi gegönnt an ugefaange mat schreiwen. Et ass gutt gaangen. Dunn duecht ech mer, komm, da mëss de dat nach eng Kéier. Ech hu mer dat zimmlech oft geduecht, komm, da mëss de dat nach eng Kéier. Wéi gesot, d’Lidd dauert néng Minutten. Am Endeffekt wäert ech dräi Wochen näischt aneschtes gemaach hu wéi duerchschreiwen an duerchsaufen. Ech hu mech dräi Woche laang gefrot, wat denkt deen, wat séngt deen, wat fillt deen, deen namensgebend d’Monster ass; ech hu mech dauerhaft mat schlechte Saache konfrontéiert, mech isoléiert, an ëmmer méi ee groussen Hangover kritt; do fält engem iergendwann fuerchtbar de Plaffong op de Kapp. De Schluss ass warscheinlech dat düsterst, dat ech jee geschriwwen hunn. Dat koum net vun ongeféier.

Bis virun net all ze Laangem hues du als Schrëftsteller nëmme Romaner geschriwwen. Neierdéngs schreifs de Kuerzgeschichten. Monster ass déi éischt EP vu Mindpatrol, dat no véier Alben. Firwat sech mat méi klenge Formater beschäftegen?

Mat Mindpatrol huet sech dat einfach erginn, mee mir wollten duerchaus eng EP maachen. No dem Mammut-Projet, deen Ikaria an Vulture City war, zwee Alben, zwee Romaner mat Museksvideoen a sou weider, ware mer e bëssche midd.

Du has Kuerzgeschichten erwäänt. Ech hunn net zilgeriicht Kuerzgeschichte geschriwwen, mee ech hunn einfach all Kéier wann ech eng witzeg Iddi hat, déi niddergeschriwwen, an iergendwann hunn ech gemierkt, wow, dat ass bal genuch fir ee Buch. Da koum de concours littéraire national mam Thema Kuerzgeschichten. Ech hu meng Geschichten ageschéckt – natierlech näischt gewonnen. Ech hunn awer dann eng Kéier e puer Jurysmember gefrot: hei, dat do war mäi Pseudonym, wéi hues du et fonnt? Doduerch gouf et bei ee Verlag weidergedroen an, jo, Enn dëst Joer kennt ee Buch eraus. Ech weess net wat ech iwwert Titel oder Contenu soen däerf, dofir soen ech einfach nach näischt. Wee mech kennt, dee weess dass et e bëssche klamaukesch, e bësschen düster ass.

Wann ech mech mat gudder Konscht befaassen, wann ech zum Beispill ee gutt Buch nach eng Kéier liesen, fale mer all Kéier s nei Saachen op. Ass dat der mat Monster geschitt?

Ech géif soe jo awer dat läit och drun dass ech déi éischt Kéier Monster als Anime gekuckt hunn. Fir d’Recherchen hunn ech einfach déi ganz Serie dës Kéier gelies. Dat heescht, ech hu Monster iwwert een anert Medium consomméiert, woubäi ech soe muss dass d’Animeadaptatioun immens originaltrei ass. Also wierklech panel by panel. D’Geschicht huet keng aner twists and turns gehat. Mee natierlech, eleng schonn d’Feele vun engem Soundtrack an d’Feele vun de Stëmme mécht dass de Kappkino e bësschen anescht opleeft wéi dat wat een elo passiv virum Bildschierm consomméiert. Ech wosst wéi d’Geschicht ausgeet, konnt dofir wann et spannend ginn ass mech méi zréckhuelen, méi roueg liesen, op d’Detailer kucken. Ech muss och soen dass et einfach eng verdammt laang, verdammt komplex Geschicht ass an dass et e puer Joer hier dass ech et gelies hunn, dofir si mer elo rëm vill Detailer entfall. Also iergendwann wäert et och een drëtten Duerchlaf ginn.

Ech stellen der elo eng Fro, déi a Monster gestallt gëtt: Ass all Liewen d’selwecht vill wäert?

Si mer elo bei mënschlechem Liewen, kann ee scho mol froen, well wann een d’Insekten all mathëlt, da gëtt et schwiereg, ech mengen, wéi vill Insekten huet ee Mënsch all Dag um Gewëssen? Wann een elo jo seet, kennt een och an d’Däiwelskichen.

Ech mengen, a Monster geet et em mënschlecht Liewen.

(Laacht) Ech denken och. Ech wollt jo och nëmmen der Fro auswäichen. Bon, ech géing et e bësschen anescht formuléieren: Ech probéieren all Mënsch d’selwecht ze respektéieren an domat tendéieren ech zu jo. Et gëtt sou déi, wéi soll ech soen, edge-cases, also een, deen der zéng ëmgeluecht huet, kann een deem ee gewësse Wäert ofschwätzen? Dat geschitt jo och deelweis am Justizsystem: wann een een och nëmme liewenslänglech an de Prisong schéckt, huet een ee Liewen domat respektéiert? Keng Anung. Et ass sou schwéier op déi Fro ze äntweren. Monster huet jo och keng kloer Äntwert dorobber. De Schluss ass och ambigu, villäicht wollt den Naoki Urasawa och der Fro auswäichen nodeem s hien sou laang doriwwer geschriwwen huet? Villäicht war et fir hie just ee Virwand, fir eng spannend Geschicht ronderëm opzebauen? Dat weess een elo natierlech net. Mee jo, ech mengen, ech sinn der Fro elo laang genuch ausgewäicht.

Nee, net laang genuch! All deng Bicher ginn ëm Mënschlechkeet: Onmënschlechkeet, Mënschlechkeet, Iwwermënschlechkeet. Vill vun denge Charakteren entwéckelen sech an deem Spektrum. Vu wou mengs de kennt dat? Dass de dech mat deenen edge cases beschäftegs?

Ech géif soen, de Spaass beim Schreiwen ass ëmmer e Setting opzebauen, wou een eng Persoun an iergend eng Zort vun Extremer stierzt, oder einfach eraus aus der Komfortzon, an sech da Gedanke mécht, wéi géif déi Persoun reagéieren? Wann ech elo d’Beispill vun Ikaria huelen, do hunn ech Rahmebedingunge konstruéiert, wou d’Protagonistin gezwongen ass, ganz fierchterlech Saachen ze maachen. Awer an där Welt ass och de moralesche Kompass ganz louche well d’Mënsche guer net méi gefrot ginn, selwer ee moralesche Kompass ze entwéckelen. Dee gëtt hinnen opgedréckt. Da kennt d’Fro: Kann een op eng Persoun ouni moralesche Kompass mam Fanger weisen? Hätt déi Persoun Hëllef gebraucht?  Huet se villäicht och dat richtegt gemaacht? Well si hat gutt Intentiounen. Si huet probéiert, ze hëllefen. Ech hunn an Ikaria probéiert, d’Protagonisten sou géinteneen auszespillen dass jiddereen eppes Guddes am Sënn hat. Hätten si einfach nëmmen eng Kéier matenee geschwat, hätten si zesummen eng gutt Léisung fanne kennen. Zimmlech einfach. An et wier der Staat ganz vill Leed erspuert bliwwen. Mee well si dat net hikréie, geschitt déi ganz Merde. Dat war dat, wourëm ech gebaut hunn. Dofir hate mer dat Lidd Unsung Healing Song. Hätten si matenee geschwat, wier et een Healing Song.

Eng typesch Interview-Fro ass ëmmer: Wat sinn deng literaresch oder musikalesch Aflëss? Du bass mëttlerweil sou laang an deene Kreesser, dass ech de Spiiss ëmdréien: Ass et der scho virkomm, dass Leit der gesot hunn, hey, du hues mech an deem oder dat beaflosst?

Ikaria gouf an enger Masteraarbecht iwwert lëtzebuergesch Science Fiction erwäänt. (Laacht) An… dat ass schwéier soen. De Problem ass, dass een dat net ëmmer matkritt. Ech mengen, wann een elo mat de Leit op engem Concert schwätzt, kritt ee ganz vill Komplimenter déi awer och aus dem Moment eraus kennen entstoen, wou een sech net sécher ass, op dat elo blöd Getroters ass oder op deen sech doheem hisetzt an Dag an Nuecht lauschtert. Änlech ass et bei de Bicher. Ech mengen, iergendwou hannerléisst ee Spueren, grad well jo a Lëtzebuerg an deem ganze Fantasy a Science Fiction Beräich nach net vill do war, wéi ech ugefaangen hunn. Ech géif soen, dass iergendwou laanscht de Wee sech Leit inspiréiert gefillt hunn, villäicht? Oder villäicht och Mutt gefaasst hunn, oh, do ass een, deen huet dat gemaach, da maachen ech dat och elo. Ech hoffe mol dass et sou ass. Dat wier cool. Op där anerer Säit muss ech elo soen: Béides Band a Bicher sinn nach ëmmer a relativ klenge Kreesser ënnerwee. Vun dohier ass d’Chance net immens, dass sech eng Arméi vu Leit inspiréiert gefillt huet, dat iergendwéi weiderzeféieren.

Ech probéieren och ëmmer, ze hëllefen, wou et geet. Sief dat elo wann een neien Auteur, eng nei Schrëftstellerin, Froen huet, da beäntweren ech déi gär. Ech hunn och e puer Saache verbessert well ech och selwer Saache verbessert krut. An e bëssche schlecht Gewëssen hat. Ech mengen, ech hat beim éischte Buch e puer Leit an den Danksagunge vergiess, an dee Moment hat ech och meng E-Mail Adress gewiesselt, déi al war sou eng hotmail Adress. Ech mengen, ech hat och ni uerdentlech merci gesot fir déi Aarbecht. An dofir hunn ech mer geduecht, komm, da reechs de wéinstens de Gefale weider. (Laacht) Elo ass d’Gewëssen halt réng och wann iergendeen iergendwou nach ëmmer zimmlech sténkeg o mech ass.

 

mindpatrolband.com

sabrinakaufmann.com

Wacken Metal Battle Luxembourg 2024