80 Joer Liberatioun Dikrich 1944-2024
Vieille Église St. Laurent, Diekirch
Culture & Science
Histoire
gratuit

Den 11. September 1944 kum et dozu, vu wat deen aller­grissten Deel vun der Dikricher Bevëlkerung sait dem Mee 1940 gedreemt an op wat si zanter der Landung vun den

Alliïerten an der Normandie de 6. Juni 1944 ongedëllig gewaart hutt: di ischt Amerikaner sinn do!


From ECHO.lu

Nodeems sich di letzt daitsch Truppe schonn den 9. September aus Dikrich zréckgezunn an, fir den amerikanische Virmarsch opzehalen, ënner anerem d’Sauerbréck gesprengt haten, sinn den 11. September di ischt Panzer an Infanteriste vun der 5th US Armored Division zu Dikrich agetraff. Schonn an der Feelser Strooss sinn di ischt Dikricher Awunner hinnen entgéint gelaf, fir se freedig ze begréissen. Iwwer di nach intakt Eisebunnsbréck sinn d’amerikanisch Zaldoten du bis op d’Maartplaz gefuer, wu si vun enger begeesterter Mënschemass ëmkreest gufen. D’Noriicht hott sich wi ee Laffeier zu Dikrich verbreet an ëmmer mi Mënsche sinn op der Maartplaz zesummegelaf. Befreier a Befreite lunge sich an den Äerm, hunn zesumme geess a gedrunk, a vill Frëndschafte gufe geschloss.


.

Neeft der Ausstellung (11.09.–13.10.2024), kënnt Dir nach weider Fotoen an Zaitzeiegeschichte vun der Dikricher Liberatioun hei entdecken:

www.diekirch.lu > 80 Joer Liberatioun Dikrich

Emplacement

Vieille Église St. Laurent, Diekirch

place Bech -
L-9211 DIEKIRCH
Luxembourg

Environnement
Intérieur
Public
Pour tous publics
Langues
Luxembourgeois