Back to top
Luxembourg, Grand Théâtre

Invités de la session :

Toni Attard, Director of strategy, Arts Council Malta
Jean Bechameil, artiste
Bernard Baumgarten, Trois C-L
Patrice Hourbette, Music :LX
Jérôme Konen, Kinneksbond, Mamer
Stephane Ghislain Roussel, auteur et metteur en scène, directeur artistique de la Compagnie Ghislain Roussel
Thomas Schoos, Éditions Guy Binsfeld
Gast Waltzing, musicien
 
Introduction thématique : Toni Attard (Director of Strategy, Arts Council Malta) : « Creative growth knows no borders ».
 
Mat grousser Iwwerzeegungskraaft a mat ville perséinlechen Anekdoten huet den Toni Attard den “Arts Council” vu Malta spannend a passionant virgestallt. Hien huet op d’Wichtegkeet vun esou enger Institutioun fir d’Diffusioun vu maltesesche Kënschtler an der maltesescher Kultur am Ausland higewisen, an unhand vu konkrete Beispiller e Verglach mat Lëtzebuerg gemaach. Eleng schonns wéinst der Gréisst, der Awunnerzuel an dem artisteschen Ëmfeld kéint d’Beispill vun engem “Malta Arts Council” och op Lëtzebuerg iwwerdroe ginn.
“Small nations do it better” ass dem Toni Attard säi Leitmotiv! Genee wéi Lëtzebuerg huet Malta keng primär Ressourcen; ëmsou méi grouss ass de Wonsch, d’Konscht an d’Kreativitéit zu Malta an de Mëttelpunkt ze stellen.
 
Fir awer aus dem existenten “Malta Council for Culture and the Arts” en neien “Malta Arts Council” ze grënnen, eng national eegestänneg Agence fir den Developpement vum maltesesche Konschtsecteur, war vill Iwwerzeegungsaarbecht néideg, wéi och Dialogbereetschaft tëschent allen Acteuren. Strategien hu missen ausgeschafft ginn, d’Politik gouf abezunn (z.B. d’Kultur-Parlament), an en neit Gesetz huet misse geschriwwe ginn.
 
Ënnert der Tutelle vum maltesesche Kulturministère ass den “Arts Council Malta” haut zoustänneg fir d’Promotioun, den Export an den Developpement vun de maltesesche Kënschtler am Ausland, mat engem Budget vun 1,5 Milliounen Euro d’Joer an enger Equipe vun néng Leit.
 
Säin Haaptuleies ass et, de maltesesche Kënschtler néng verschidde Programmer vu Bourssen a Subsiden unzebidden. Ënnert anerem sinn dëst Kënschtlerresidenzen am Ausland, Tournéesprogrammer an e Fong, deen Iwwersetzunge bezuelt, wat et erméiglecht, maltesesch Auteuren och an anere Sprooche kënnen ze liesen. Zu deenen ënnerstëtzten Domainë gehéieren z.B. och Videosspiller oder Fernsehproduktioune vu kulturellem Charakter.
 
Als Strategiemanager ass et dem Toni Attard seng Aufgab, dofir ze suergen, datt all eenzelen Euro esou effizient wéi méiglech kann agesat ginn.
 
Déi Diskussiounen, déi op der uschléissender Table ronde opkomm sinn, sinn ze differenzéieren. Op där enger Säit si Fuerderunge gestallt a Virschléi gemaach ginn, déi dorop hinzilen, Lëtzebuerger Kreatiounen a Kënschtler um nationale Plang besser ze vermaarten. An op där anerer Säit gouf diskutéiert, wéi eng Strategie kéint ugepeilt ginn, fir um internationale Plang d’Lëtzebuerger Kënschtler besser ze etabléieren.
Um nationale Plang ass eestëmmeg eng méi protektionistesch Haltung gewënscht ginn: Méi lëtzebuergesch Produktiounen a manner auslännesch Gaaschtproduktioune sollen an d’Programmer vun den Institutiounen opgeholl ginn. D’Synergien tëschent den Haiser solle besser gefërdert ginn, mat méi Koordinatioun, Transversalitéit an Engagement vis-à-vis vun der lokaler Zeen. D’Analys vun engem kënschtleresche Parcours, vun der Formatioun bis zur Retraite, gouf evoquéiert. De ganze Prozess vun enger Kreatioun, vun der Iddi bis zur Realisatioun an der uschléissender Diffusioun misst analyséiert ginn, fir ze determinéieren, wou zu Lëtzebuerg d’Stäerkten an d’Schwächte leien.
Fir dëse Prozess anzeleeden, misst an der aktueller Kulturpolitik an an der Kulturzeen e Paradigmewiessel stattfannen: e Gruppendenken an eng nei Dynamik missten opkommen.
Um internationale Plang, do waren sech sämtlech Participanten op der Table ronde eens, bräicht Lëtzebuerg eng professionell opgestallte Plattform fir den Developpement an den Export vu senger Konschtzeen. Dëse Constat ass schonns zu Buerglënster an den eenzele sektoriellen Diskussiounsronne gemaach an niddergeschriwwe ginn. Lëtzebuerg kéint sech um Beispill vum Malta Arts Council inspiréieren. An dat besonnesch och am Kontext „Nation Branding“. Kulturell Koproduktiounen, den Accueil vun auslännesche Kënschtler an den Echange mat hirem Wierk dréit d’artistesch Kreatioun wäit iwwert d’Grenze vum Land eraus. Den Toni Attard sot: „For Malta, internationalization is a must“. Datselwecht gëllt och fir Lëtzebuerg. A méi wéi enger Hisiicht kéint Malta wichteg Weeër fir Lëtzebuerg opzeechnen. Dozou gehéiert och déi verdéiften Analys, déi d’Malteser iwwert d’wirtschaftlech Inzidenzen an Implikatioune vum kulturelle Secteur gemaach hunn.
 
E puer Reaktiounen aus dem Publikum hunn op divers Mëssstänn higewisen, respektiv verschidden Aussoe vum Panel ënnerstrach a vervollstännegt.
Op (Re)-Definitioun vu „Kultur“ ass gepocht ginn. Éier ee vun enger nationaler Strategie schwätzt, misst een eemol am Viraus de Begrëff „Kultur“ nei definéieren, fir ze wëssen, wat alles ënnert dësem Sammelbegrëff ze verstoen ass. Ass d’Architektur Deel vum „Kulturbegrëff“? Wann d’Definitioun bis steet, dann eréischt fänkt een un, iwwer eng Strategie an uschléissend iwwer eng Taktik nozedenken.
Eng aner Reaktioun aus dem Sall war déi, datt een d’Groussregioun net dierft aus den Ae verléieren.
Bemängelt ginn ass och, datt op der Table ronde kee Representant vun de Medien invitéiert war, woubäi déi awer eng wichteg Roll an der Vermëttlung spillen, respektiv ze spillen hätten.
Als Uspillung op d’Diskussioun iwwert den Export ass präziséiert ginn, datt international Kollaboratiounen tëschent Kulturinstitutioune virun allem op Vertraue berouen. Dat ass e laange Prozess, wou och deen eenzelen Artist gefuerdert ass a sech muss duerchsetzen.
Mee och déi beschtméiglech Strategie, fir d’Kënschtler ze exportéieren, geet oft eleng net duer. Net jidder Kënschtler ass „exportabel“, net jidder Produktioun kann am Ausland gewise ginn. D’Kënschtler sinn och selwer gefuerdert, fir op sech opmierksam ze maachen, andeems se hiert eegent Netzwierk opbauen, an eng adaptéiert Auto-Promotioun maachen. Wonsch ass et, d’Qualitéit op ee méi héijen Niveau ze setzen an Exzellenz unzestriewen. Nëmmen esou kann d’Bild vun enger kultureller Zeen no bausse besser erschéngen.

Jo Kox