Ob ee léiwer doheem d’Wänn mat Prints tapezéiert, handgemaachten Designer-T-Shirten ergattert oder seng léifste Radio-DJen emol live erliewe wëllt, um Augenschmaus fënnt een alles wat d’Urban-Art-Häerz begiert... 🎨🎧
Wéi dat Ganzt entstanen ass, wou a firwat, dat alles a villes méi gitt dir an eiser nächster Episod vu “Wéi den Zoufall et wëll.” mam Giamba, dem Krys an dem Gilles, de kreative Käpp hannert dem populäre Konschtmaart, gewuer. 🎥
Déi nächst Editioun vum Maart fënnt am November 2025 statt. 📅
***
Gäscht : Gilles Scaccia, Krys Pleimelding, Sascha Di Giambattista
Produktioun: Cecilia Said Vieira & Ben Kraemer (culture.lu)
Edit: Cecilia Said Vieira
Musek: Jamal Wilson
Location: AAPL
***
Merci un den Giamba, deen eis säin Atelier am Gebai vun der Association des artistes plasticiens de Luxembourg (AAPL) zu Bouneweg fir den Tournage zur Verfügung gestallt huet.
D’AAPL ënnerstëtzt Kënschtlerinnen a Kënschtler zu Lëtzebuerg mat Workshops, Konferenzen a bezuelbaren Ateliere. Och invitéiert d’Associatioun reegelméisseg de Grand Public an offréiert eng Plattform fir sech iwwer Konscht a Kultur zu Lëtzebuerg auszetauschen.
De nächste Rendez-vous ass den 12. Juni 2025 op der Piazza vun der AAPL ! 📅
***
Op Spotify gëtt et eis och fir ënnerwee:
Créateurs
Artistes
Institutions
Les plus populaires
- Wéi den Zoufall et wëll.
- Wéi den Zoufall et wëll.
- Tapage
- Tapage