Wéi den Zoufall et wëll.
Episod 4: Praetor

Laang Hoer, schwaarz Kleeder, haart Kärelen...? Iwwer Metal-Mythen, Geschlechterparitéiten an natierlech hiren neisten Album schwätze mir mam Hugo Nogueira Centeno, dem Gittarist a Frontsänger vu Praetor. Am Proufsall Nr. 5 vum Rocklab féiert hien eis hannert d'Kulisse vum Lëtzebuerger Thrash Metal a léisst eis esouguer eraluussen an hir Bandprouf - e Virgeschmaach op den 2. Mee 2025, wann um Releaseconcert vun "The Spiral of Addiction" an der Rockhal d'Fatze fléien.🤘

E grousse Merci un de Rocklab, deen eis ee vun hire Proufsäll zur Verfügung gestallt huet. 🙏

Gaascht: Hugo Nogueira Centeno, Praetor
Produktioun: Cecilia Said Vieira & Ben Kraemer (culture.lu)
Edit: Cecilia Said Vieira
Musek: Praetor / Jamal Wilson
Location: Rocklab

***

Wéi den Zoufall et wëll. – D’Kulturshow mam Ben & Ceci

Een Hutt, ee Gaascht an eng gutt Portioun Chance. All Mount féiert Iech culture.lu an en anert Kulturhaus uechter d’Land a stellt iech kulturschafend Leit vu Lëtzebuerg op déi bëssen aner Aart a Weis vir. 🎩🪄

Entdeck méi op culture.lu! 🔥

Créateurs

Ben Kraemer
Cecilia Said Vieira

Artistes

Praetor

Institutions

Rocklab