Fräi(e) Mataarbechter(in)

Fräi(e) Mataarbechter(in)

"Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" a.s.b.l. sicht een/eng Fräi(e) Mataarbechter(in) fir 5 Stonne pro Woch fir d'Begleedung vun interkulturelle Sortien

Missioun:

Encadrement vun interkulturelle Sortien tëscht Lëtzebuerger Residenten a Flüchtlingen, an de Beräicher Kultur + Ausflich  + Visitten + Kachen + Beruff & Handwierk + Ëmwelt + Sport

Profil:

  • Frëndlech, kommunikativ, virwëtzeg, oppen, kontaktfreedeg
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch
  • Flexibilitéit an der Organisatioun vun der Aarbechtszäit (och owes a weekends)
  • Führerschäin
  • Erfarungen am kulturellen an/oder soziale Beräich (KënschtlerInnen wëllkomm)

Datum: sou bal wéi méiglech

Aarbechtsplaz: Lëtzebuerg

Kontrakt: Freelance, ± 5 Stonne pro Woch

Mellt Iech w.e.g. bis den 15. August 2021 mat engem Motivatiounsschreiwes an engem CV bei "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" a.s.b.l.: heemecht@onsheemecht.lu

Articles