Formation de guide

Formation de guide

kulturhuef

Formatioun Guide am Kulturhuef Musée


Hätt Dir Freed un enger Niewebeschäftegung oder Studentenjob an engem Musée, Loscht geleeëntlech Sonndes, un eenzele Feierdeeg oder op Ufro eng Visite Guidée am Lëtzebuerger Drock-a Spillkaartemusée ze halen?

Da sidd Dir déi richteg Persoun fir eis kleng, dynamesch an enthusiastesch Ekipp ze ënnerstëtzen.

Sidd Dir:
- kulturell an/oder edukativ interesséiert?
- flexibel bei Ufroen?
- méisproocheg?

Mir bidden Iech:
- Eng Formatioun fir Visite Guidéen an deenen zwee Expoen
- Een Dossier mat Informatiounen zu den Expoen
- Remuneratioun pro Visite Guidée
- Coaching bei äre Guidage

Schéckt eis Äre Liewenslaf op:

musee@kulturhuef.lu
oder
Kulturhuef
54, rte de Trèves
L-6793 Grevenmacher

Uspriechpartner fir weider Froen:
Martina Leonhardt-Messer, erreechbar dënschdes bis freides vun 14:00-18:00 Auer um +352 26 74 64 1 oder um musee@kulturhuef.lu

Document