Back to top
Author: liz.wolteralac.lu
Auteur
Lis Hausemer

© Véronique Mathay

„Ech mengen dass dat wat ech maachen fir sech schwätzt“ - Reiny Rizzi-Gruhlke

Dem Reiny Rizzi-Gruhlke hier Aarbechten treffen de Visiteur mat enger onmëssverständlecher Direktheet. Delikat brodéiert Stoffskulpturen oder dënn, schwaarz Linnen op Wuessbiller begéinen hei intensiven, bal brutalen, roude Faarfelementer.  Beim Visiteur léise verschidden Aarbechten den éischte Moment eng Zort Onwuelsinn aus. Wat een awer méi genau kuckt, wat de Bléck schnell op déi detailléiert Brodéieraarbecht fällt, déi deem Ganzen eng grouss Verletzlechkeet a Sensibilitéit gëtt. Doduerch transforméiert sech dëst éischt Gefill vun Onwuelsinn an e Gefill vun Empathie.

An hirer aktueller Ausstellung mam Titel „Memories“ an der Duchfabrik zu Esch-Sauer weist d’Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi duerch e Studium vun der moderner Broderie zu London op de Goût vun der Textilkonscht komm ass, e Mix vun Textilinstallatiounen, Brodéieraarbechten a Wuessbiller. Wéi d‘Artistin erkläert, bezitt sech den Titel dobäi souwuel op de Choix vun de Wierker, deen ee kinnt als „eng Retrospektiv vu menger Aarbecht vun de leschten zwee bis dräi Joer“ bezeechnen, wéi och op d’Thematik vun der Ausstellung. Sou sinn et virun allem traumatesch Erënnerunge vu Fraen, op déi d’Kënschtlerin an hiren Aarbechte wëll opmierksam maachen: „häuslech Gewalt, Mëssbrauch oder schlecht Kandheetserënnerungen“. Säit laange Jore beschäftegt si sech mat dëse komplexen Themen, déi zwar wéi si seet „virun 30 Joer, wéi ech ugefaangen hunn dovun ze schwätzen, nach vill méi en Tabuthema waren wéi haut“, ma iwwert déi awer leider nach ëmmer vill ze oft net geschwat gëtt. Wann een sech d’Zuele vun den Affer vun häuslecher Gewalt oder Mëssbrauch hei zu Lëtzebuerg ukuckt, bleiwen et virun allem Fraen, déi heivu betraff sinn. Wéi d’JIF (d’Platform vun der Journée Internationale des Femmes) am November 2020 verëffentlecht huet, waren am Joer 2019 z.B. 64% Prozent vun den Affer vun häuslecher Gewalt hei am Land Fraen.[1] Besonnesch duerch déi aktuell Covid bedéngten Ëmstänn, duerch déi e séchert Doheem eng ganz nei Bedeitung kritt huet, bleift häuslech Gewalt e ganzt grousst Thema. Virun allem wënscht d’Reiny Rizzi-Gruhlke sech dofir, dass duerch hier Aarbechte méi „Opmierksamkeet entsteet, dass esou Saache passéieren, an dass een déi Leit, deenen dat geschitt ass, soll ënnerstëtzen an dass dat net soll ënnert den Dësch gekiert ginn.“ Doriwwer eraus erhofft si sech och, dass eventuell aner Fraen, déi änlech Traumata erlieft hunn, sech duerch hier Konscht gehéiert fillen: „Ech hu ganz vill Leit, déi da bei mech kommen an och Saache vun hirer Geschicht erzielen, well meng Arbechten se eben dodrunner erënneren“.

© Véronique Mathay

D’Thema vun der Fra ass net nëmmen am Contenu vum Rizzi-Gruhlke hirer Konscht erëmzefannen, mee och am Choix vum Medium: dem Textil. „Textil ass en urweiblecht Thema“, seet d’Kënschtlerin, „an wann ee bëssen am Ausland kuckt an der Konschtwelt, gesäit een dass d‘Textilkonscht immens um zréckkommen ass“. Effektiv ginn et ëmmer méi zäitgenëssesch Textilkënschtlerinnen, wéi d‘Pia Camil, d‘Billie Zangewa oder och nach d‘Sheila Hicks déi international grousse Succès hunn. Mee och grouss Institutioune wéi zum Beispill d’Tate Modern zu London hu mat Ausstellunge wéi der Retrospektiv am Joer 2018 vun der bekannten Textilkënschtlerin Anni Albers dofir gesuergt, dass de Medium vum Textil an der Konschtwelt haut aneschters wouer geholl gëtt wéi dat an der Zäit mol de Fall war. Well de Medium oft nach mat traditionelle Geschlechterrollen associéiert ginn ass, wou d‘Textilaarbescht als eng Aarbecht vun der Fra ugesi gouf, ass d’Textilkonscht laang Zäit manner valoriséiert gin wéi zum Beispill d’Molerei oder d’Skulptur.[2] „Et gi bestëmmt vill Leit, déi mer widderspriechen, mee ech denke schonn, dass een als Fra aner Konscht mécht wéi e Mann an Themen och aneschters ugeet“, erkläert d’Reiny Rizzi-Gruhlke schliisslech op d’Fro wéi si dann hier Roll als KënschtlerInn gesäit.

Dem Reiny Rizzi-Gruhlke hier Ausstellung an der Duchfabrik kann een sech nach bis den 28. Februar zu Esch-Sauer ukucken. Doriwwer eraus ass d‘Kënschtlerin ab dem 4. Februar och an enger Gruppenausstellung zesumme mam ARC Kënschtlerkrees am Espace H2O zu Uewerkuer ze gesinn. Fir Mäerz ass dann och nach eng Gruppenausstellung am Kamellebuttek zu Esch geplangt, bei der d’Reiny Rizzi-Gruhlke och mat dobäi ass.


[1] JIF Luxembourg : Journée internationale pour l’élimination de la violence à l’égard des femmes, 25.11.2020 (https://www.instagram.com/p/CIBTw1Dgle_/?utm_source=ig_web_copy_link).
[2] Butchart, A.: The Artificial Divide Between Fine Art and Textiles is a Gendered Issue, 14.11.2018
(https://www.frieze.com/article/artificial-divide-between-fine-art-and-textiles-gendered-issue).