Archiviste

Archiviste

RTL sicht een/eng Archivist/in (CDD)

RTL Télé Lëtzebuerg sicht e(ng) Mataarbechter(in) fir d’Archiven am Kader vun engem “Contrat de travail à durée déterminée” vu 40 Stonnen d’Woch mat enger Durée vun 12 Méint.

Är Tâchen / Aufgaben:

  • Indexéieren, Klasséieren a Beschreiwe vu Video-Dokumenter
  • Handling vum Video-Material
  • Archivrecherchen vun Reportagen

Äre Profil / Dir hutt:

  • Rigueur an Interessi fir d’Aktualitéit
  • Gutt Lëtzebuergeschkenntnisser (Verständnes)
  • Gutt Franséischkenntnisser (geschriwwe Sprooch)
  • Gutt Allgemengbildung
  • Kenntnisser a Politik, Kultur an/oder Sport
  • Min. Diplôme de fin d’études secondaires

De Kontrakt ass fir Januar 2022 bis Dezember 2022 virgesinn.

Falls Dir interesséiert sidd, schéckt eis Ären CV mat Motivatiounsbréif op kandidatur@rtl.lu .

Document