Journalistescht Volontariat

Journalistescht Volontariat

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E gëtt, wéi opus 100,7, säi 
Schwësterprogramm fir klassesch Musek, am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de 
service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der 
Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg 
Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm 
offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.

Als Service public leet de radio 100,7 Wäert op d’Ausbildung vun der nächster Generatioun vu 
Journalist:innen
. Inspiréiert vun der Ausbildungspraxis an däitschsproochege Medienhaiser huet de 
radio 100,7 en zweejärege Programm entwéckelt, dee Praxis an Theorie, Tutorat a formell 
Formatioun, in-house an international Experienz verbënnt. An deem Kader sicht de radio 100,7 fir den 
Hierscht 2023 een/eng Kandidat:in fir e 

Journalistescht Volontariat

Mir offréieren 
24 Méint bezuelten Ausbildung als Journalist:in an engem kreativen Ëmfeld, ëmgi vun enger 
dynamescher a motivéierter Ekipp. D’Praxis gëtt komplettéiert duerch 4 Woche Volontärskurs 
bei der Akademie für Publizistik zu Hamburg, souwéi interne Formatiounen. Du bass an déi 
alldeeglech Aarbecht um Radio agebonnen a kriss e festen Uspriechpartner fir all Froen, déi 
deng Ausbildung uginn. Du léiers, wéi ee Berichter a Reportage produzéiert, journalistesch 
Recherchë mécht an hannert dem Mikro schafft. Du kriss en Abléck an déi verschidden Deeler 
vum Radio, vun der Noriichteredaktioun iwwert d’Online-, d’Kultur- an d’Museksredaktioune 
bis bei d’Technik, wou professionell Hard- a Software fir Audio- an Digitalinhalter an den Asaz 
kënnt. Am Kader vun de Kontakter vum radio 100,7 an der European Broadcasting Union (EBU) 
a mat Radioen an der Groussregioun gesäis Du och, wéi aner Radioe schaffen. 

Déi/den ideal:e Kandidat:in brauch 
- Virwëtz an Interêt u Journalismus, dee gesellschaftlech relevant, kritesch an onofhängeg ass 
- Interessi fir Lëtzebuerg an d’Mënschen, déi hei liewen 
- Begeeschterung fir Radio a Podcasten 
- Affinitéit fir digital Medien an Entwécklungen 
- Flexibilitéit, Ekippegeescht a Kreativitéit 
- Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt 
Kenntnisser am Däitschen, Franséischen an Engleschen
- E Schoulofschloss, am beschten um Niveau Bachelor oder Master 
- Éischt journalistesch Erfarung, iwwer Stagen oder Vakanzenjobben 
- E Fürerschäin (Kategorie B) 

Deng Perspektiv 
De Volontariat gëtt Dir den theoreeteschen a prakteschen Know-how, fir am Journalismus 
an allgemeng am Mediesecteur ze schaffen. 

Schéck eis Deng Kandidatur an Däi CV mat Motivatiounschreiwen an Casier judiciaire w.e.g. bis 
spéitstens den 10. Juli 2023 per Email un: rh@100komma7.lu. 

 radio 100,7 
 21a , avenue J.F. Kennedy 
L-1855 Luxembourg 

 

Document

Articles