Guides / Animateurs

Guides / Animateurs

Mir siche GUIDEN/ANIMATEUREN

Dir sidd un europäeschen Themen interesséiert? An dir sidd gäre mat Kanner a Jugendlechen aus aller Welt a Kontakt?

Da siche mir genau iech!

De Centre Européen Schengen sicht motivéiert Leit fir Aktivitéite vum Kanner- a Jugendprogramm ze maachen. All Sproochen si wëllkomm.

Bei eisen Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher vu verschidden Alter soll ee Freed um Theaterspillen hunn an/oder gäre molen a bastelen.

Eng Aféierung an d'Thematik, den Oflaf vun den Aktivitéiten an eng Remuneratioun gi vum Centre Européen Schengen assuréiert.

Dir sidd interesséiert? Da mëllt iech per Telefon +352 26 66 58 10 oder per E-Mail info@visitschengen.lu.

Document

Articles