Journalist:in fir d’Redaktioun Klassesch Musek

Journalist:in fir d’Redaktioun Klassesch Musek

Är Tâchen

  • Konzeptioun, redaktionnell Recherche a Produktioun vun Emissiounen a Programmelementer ronderëm d’Welt vun der klassescher Musek
  • Presentatioun vun Emissiounen, live oder virproduzéiert, am Studio oder um Terrain
  • Preparatioun vu redaktionnellem Contenu fir eis Internetsäit “100komma7.lu”
  • Mataarbecht bei der Museksprogrammatioun vum Radio an Identifikatioun vun neier Musek, déi an d’Museksrotatioun opgeholl ka ginn 
  • Mataarbecht beim Dokumentéiere vu Musek an Archivéiere vun Emissiounen

Den ideale Kandidat / Déi ideal Kandidatin brauch

  • Exzellent Kenntnisser vun der nationaler an internationaler klassescher Musekszeen
  • Expertis an anere Museksberäicher wier e Virdeel
  • Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Engleschen a Franséischen
  • Gutt Diktioun
  • Flexibilitéit, Ekippegeescht, journalistesche Virwëlz a Kreativitéit
  • Capacitéit fir onofhängegt Schaffen
  • E Schoulofschloss mindestens um Niveau Bachelor
  • Allgemeng informatesch Kenntnisser

Mir bidden

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld

Articles