Ondugen am Mierscher Theater

11 déc. 2024
Ondugen am Mierscher Theater
Plädoyer um Stamminee

Konstantin Rommelfangen © Véronique Kolber
Artikel op Lëtzebuergesch

Nach ier mer Plaz huele, gëtt aus dem Interviewer den Interviewten. Kee Wonner. De Mann, dee mir um Stamminee vum Mierscher Theater géigeniwwer sëtzt, ass schliisslech vum Fach, huet jorelaang d‘Kulturredaktioun vun engem ëffentlech-rechtleche Radiosender geleet. Wou ech da studéiert hätt, wëll hie wëssen, wat da mäi Lien mam Theater wier. E journalistesche Reflex, ganz sécher. 

Dann de Rollewiessel – back to normal. Wéi aus der Flënt geschoss, improviséiert de geléierte Schauspiller den Audiotest. Dann, geet et lass. En Interview mam Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater.


Claude Mangen (© Gerry Huberty)

Et gëtt wuel kaum eng Kap am Lëtzebuerger Kultursecteur, déi de gebiertegen Eschduerfer nach net un hat. Seng Passioun fir den Theater begleet hien awer vun Ufank un, eng Konstant bei alle Richtungswiessel. Zwar verschléit et hien nëmme méi seelen op d‘Bün, vun der Regie dogéint kann hien awer bis haut net d’Fanger loossen. Och elo als Direkter net. Nieft sengem Dagesgeschäft, féiert de Chef vum Mierscher Theater aktuell nämlech d’Regie vun Ondugen. Eng Satir a fënnef Glieser an engem Digestif

ondugen [ˈonduʁən] adj.: unartig, widerspenstig

Als Éisleker géif ech de Begrëff bestëmmt kenne, mengt de Claude Mangen, selwer e Mann aus dem Norden. Wäit gefeelt. D‘Wuert ass eng Neientdeckung, muss iergendwou an der Tradéierung tëschent de Generatioune verluere gaange sinn. Schéin, wann een sou en anticke Begrëff dohier och emol wou anescht opreeft wéi just bei der Bom an der Stuff.

Konstantin Rommelfangen (© Véronique Kolber)
Konstantin Rommelfangen (© Véronique Kolber)

„Ondugen“ heescht sou vill wéi „widderspensteg“ oder och „ongehuwwelt“. D’Wuert kléngt no Konflikt a Reiwerei a verweist op eng Dissonanz, eng spannungsgeluede Relatioun tëschent engem Subjekt a sengem Ëmfeld. Och de Protagonist an dem Fabio Martone sengem neie Bünestéck (Ondugen, Hydre Édition, 2024) eckt ëmmer nees un, ass ondugen duerch an duerch. „Hie ka Saachen net akzeptéieren a setzt sech ganz staark mat der Sprooch an der nationaler Literatur ausenaner“, sou de Regisseur. „Hien erzielt vun den ale bäertege Männer, wéi dem Victor Hugo oder dem Goethe, esou Vulleschäichen, déi ëmmer erëm nei opgeriicht ginn iwwert Joerhonnerten, déi kënschtlech um Liewe gehale ginn. An hie freet sech: Wéisou gëtt dat net mat der zäitgenëssescher Literatur gemaach? Wéisou ginn déi ëmmer erëm ausgebuddelt?“

Als "verluere Séil ouni philosophescht Doheem" schwieft d‘Figur vum Claudio iergendwou am Dotëschent. A well et keng besser Plaz gëtt fir sengem Verdross Loft ze maache wéi e Wiertshaus, fënnt sech de Personnage, verkierpert vum Konstantin Rommelfangen, um Stamminee vum Mierscher Theater erëm. A fënnef Glieser an engem Digestif duddert hien do, wéi sech dat fir esou en Etablissement gehéiert, géint Gott an d’Welt, entouréiert vu sengem Public, deem e bei sengen Tirade quasi um Schouss sëtzt.

Et ass dës Proximitéit, den Hei an Elo, deen de Claude Mangen esou um Theater schätzt. Schliisslech wier sou eng Opféierung fir hien näischt anescht wéi en Date mam Public. „Iergendwéi gëtt een ëm e Rendez-vous zu enger gewësser Zäit, fir eppes mateneen ze erliewen“, schmunzelt hien. „Wann ee vun deenen zwee kee Bock dorobber huet, dann ass et schwiereg. Mee wann, dann ass et fantastesch. Da kann et eng grouss Léift ginn.“

Do sëtzt en also, de Claudio, a beschwipster Gesellegkeet, mol um Comptoir, mol um Piano, an erzielt de Leit eng Geschicht vun enger Begéinung, déi hien an eng onverhofften Aventure stierzt: Enges Owes trëfft hien am Vis-à-Vis zoufälleg op säi fréiere Franséischproff, deen, an de Wieder vum Fabio Martone, jo net behaapt, „de Victor Hugo hätt deemools zu Veianen am Exil esou vill gebiischt, dass en eng Rëtsch Nokommen zu Lëtzebuerg misst hunn.“ 

De Claudio erkennt doropshin déi grouss Chance fir dem Lëtzebuerger Land – no engem senger Meenung no gescheiterte Versuch mam Michel Rodange, dee schliisslech vum Goethe geknäipt hätt – dach nach zu sengem wuelverdéngten Nationalpoet ze verhëllefen. Prompt mëscht hien sech zesumme mat sengem Proff op d‘Sich „nom Auteur, deen nach ëmmer an der Ignoranz vu sengem Genie lieft“, sou de Claude Mangen.

Wat Ondugen genee fir ee Stéck ass, ass esouguer fir de Regisseur net eendeiteg ze beäntwerten: „Et ass kee Cabaret, et ass villméi eng Satir – et ass awer och eng Theatergeschicht. Et ass e bësse schwéier anzeuerdnen, wat et genee ass, mee et gëtt gutt ausgedeelt, an ech denken, dass et e groussen Ënnerhalungswäert huet.“

Riddo op fir de Mierscher Theater

Mat Ondugen fält am Mierscher Theater de Startschoss fir déi éischt Theatersaison ënnert enger neier Identitéit. Säit sengem Amtsuntrëtt 2019 war et dem Direkter Claude Mangen en Uleies, dem Haus eng Plaz an der kultureller Entwécklung vun der Mierscher Regioun an doriwwer eraus ze verschafen. D’Transformatioun vum fréiere Kulturhaus an de Mierscher Theater viregte Summer war do just den éischte Schrëtt.

Bei aller Varietéit vum Programm, dee vu Concerten iwwer historesch Ausstellunge bis hin zu Liesungen all méiglech Facette vun der Kultur bedéngt, léisst déi nei Identitéit vum Mierscher Theater keen Zweifel dorun, wou d’Rees hiféiert. „Et louchen och aner Nimm um Dësch, awer mir hu fonnt: Nee, Theater bréngt et op de Punkt.“ Ëmmerhi leet de Mierscher Theater vill Wäert op Eegekreatiounen a Koproduktiounen. Zu Miersch kéim näischt "Opgewiermtes" op den Dësch, mee just "selwer Gekachtes", sou de Claude Mangen. D’Zil wier et, dem Public eppes ze bidde, wat e just hei fënnt: eng Exklusivitéit.

Vum Tournée-Theater hält de Claude Mangen nämlech net vill, dat géif de Programm vun engem Haus just verwässeren. D‘Kulturhaiser uechtert d’Land, deenen net sielen eng gewëss Provënzialitéit virgehäit géif ginn, bräichten sech net hannert de stätteschen Theateren ze verstoppen. Ganz am Géigendeel: „Do existéiert eng onwarscheinlech Offer, déi, wann een alles zesummenhëlt, equivalent mat deem ass, wat an der Stad gebuede gëtt“, sou den Direkter. 

Eis Virstellung vun engem regionale Public wier senger Meenung no net méi zäitgeméiss. „De Public beweegt sech hautzudaags“, erkläert hien. „Wann en eppes fënnt, wat en interesséiert, da geet en dohinner. […] Fir e flotte Spektakel am Cube 521, fueren d’Leit och vun Esch bis op Marnech.“

No fënnef Joer am Amt zitt de Claude Mangen d‘Tëschebilanz: „De Public gëtt ëmmer méi trei.“ Mee net nëmmen deen, och verschidden Artist*innen gehéieren am Mierscher Theater gewëssermoosse schonn zur Stammclientèle. „Mir wëllen de Kënschtler, déi hei liewen a schaffen, eng Plattform ginn“, seet de Claude Mangen a weist op d’Tabloe, déi ronderëm eis un de Wänn vum Stamminee hänken – Portraiten vun Artist*innen, déi besonnesch enk mam Haus verbonne wieren, dorënner Schauspiller, Schrëftstellerinnen, Dänzer. Eng ronn 35 trei Kënschtlerséilen géif d’Hall of Fame vum Mierscher Theater mëttlerweil schonn zielen, sou den houfregen Direkter.

D’Valorisatioun vun den Artist*innen hält do awer net op. Och am Magasinn vum Mierscher Theater, CARISMA, fannen d’Kënschtler*innen eng Bün. Bei där kultureller Offer zu Lëtzebuerg, déi an de leschten 20 bis 30 Joer reegelrecht explodéiert wier, kéimen d’Kulturredaktioune guer net méi no, stellt de Claude Mangen fest. Et wier awer enorm wichteg, déi Artist*innen ze portraitéieren, ze begleeden an hinne Feedback ze ginn – ze soen „dat fanne mer gutt, dat fanne mer net gutt.“ Och dokumentéiere misst een hier Entwécklung, quasi als Déngscht um Historiker vu muer, well wou keen Dokument, do keng Trace, an dat wier katastrophal.

Ënnert neiem Numm, neier Identitéit a neiem Selbstbewosstsënn trëtt an der Mëtt vum Land also en neien Acteur an d’Schäinwerferliicht, dee riskéiert an experimentéiert, dee mat sengen Eegeproduktiounen Akzenter an der Lëtzebuerger Theaterlandschaft setzt. Domadder mëscht de Mierscher Theater ënnert der Leedung vum Claude Mangen kloer an däitlech: Och am Theater bléist de Wand net just aus enger Richtung.


 

Ticketen exklusiv op: 

luxembourgticket

Artistes

Claude Mangen
Konstantin Rommelfangen
Fabio Martone

Auteurs

Ben Kraemer

Institutions

Mierscher Theater