19 juin. 2025Fête de la Musique 202525 Joer Musek fir jiddereen

Photo: © Marc Lazzarini
“Et ass gratis, et ass dobaussen, an et ass eng Opportunitéit fir eis Lëtzebuerger Musekszeen fir sech ze weisen, an zwar all d’Genre matenee vermëscht, wat aussergewéinlech ass”, sou de Resumé vum John Rech. “Et ass ee vun de rare Momenter wou d’Leit nach eraus ginn, fir eppes Neies z’entdecken a fir d’Musek ze feieren, an dat mécht et natierlech ganz besonnesch.”
Den Direkter vum Diddelenger Kulturzenter “opderschmelz” muss et jo wëssen. Hie war ee vun de Virreider vun der Fête de la Musique am Grand-Duché an huet d’Museksfest 1994 fir d’éischt Kéier a seng Gemeng bruecht. Do virdrun hat 1985 d’UGDA och schonn eng Editioun organiséiert, deemools zesumme mam Kulturministère.
D’Konzept u sech kënnt awer aus Frankräich. 1982 huet den deemolege Kulturminister Jack Lang d’Leit dozou opgefuerdert, mat hirem Instrument d’Stroosse vu Paräis um éischten Dag vum Summer, also dem 21. Juni, z’animéieren an d’Musek zesummen ze feieren. D’Festivitéite sollte gratis sinn - keng Hierarchie, kee Genre ausgeschloss a fir jiddereen zougänglech. Dee Grondprinzip huet zanterhier och net geännert.
An der Tëschenzäit gëllt d’Fête de la Musique als eent vun de gréisste Museksfester a gëtt a ronn 120 Länner weltwäit gefeiert - ënnert anerem zu Lëtzebuerg, wou am Joer 2000 eng éischt offiziell Editioun vum Kulturministère, dem “Luxembourg City Tourist Office”, der “Kulturfabrik” zu Esch an enger ganzer Rëtsch eenzelne Gemengen organiséiert gouf.
D’Joer drop ass dunn déi offiziell “Fête de la Musique a.s.b.l.” an d’Liewe geruff ginn, mam Zil, dësen emblematesche Festival z’organiséieren an ze promovéieren. Dëst Joer feiert d’a.s.b.l. hir 25 Joer mat enger spektakulärer Jubiläumseditioun un där eng 20 Gemengen uechter d’Land deelhuelen a ronn 30 Organisateuren iwwer 300 Concerten ubidden.
“Zanter 25 Joer strieft d’Fête de la Musique zu Lëtzebuerg un, d’Kultur fir jiddereen zougänglech ze maachen, well d’Musek bréngt d’Leit zesummen an inspiréiert”, esou d’Vanessa Cum, Presidentin vun der “Fête de la Musique a.s.b.l.” am offizielle Communiqué. “Dës Jubiläumseditioun ass d’Occasioun e Liicht op d’Aarbecht ze werfen, déi d’Artisten, Benevollen a Gemengen am Kader vun dësem Fest leeschten.”
Zu deene Gemenge gehéiert weiderhin och Diddeleng, déi dëst Joer erëm ee breetgefächerte Programm ubidden. Bei hinne gëtt dëst Joer den 20. an 21. Juni gefeiert, ugefaangen e Freiden Owend mat enger Visite guidée vun der Uergel an der Église Saint Martin.
“Viru bal 10 Joer, hunn d’”Amis de l’Orgue” sech der Fête de la Musique ugeschloss. Genau wéi fir hir Participatioun beim “Zeltik” a “Like a Jazz Machine” bidden si och hei e Prelude un. An dësem Fall ass deen e Freide mat Schüler, entweder vum Conservatoire oder vun der Museksschoul zu Diddeleng oder och emol vun enger anerer Museksschoul. Duerno kann een dann d’Uergel besiche goen. Dat ass schonn aussergewéinlech, well Diddeleng eng vun de schéinsten Uergelen an Europa huet, wou souguer international Staren drop spille kommen, an et ass impressionnant, an enger Uergel ze trëppelen, an ze gesinn, wéi grouss dat Instrument ass.”
Samschdes, den 21. Juni, also den offiziellen Dag vun der Fête de la Musique, ass dann zu Diddeleng och eng méi lass. 13 Bünen, gespillt vu ronn 60 Artisten a Bands. Ënnert de Museker sinn eng Partie bekannte Gesiichter - zum Beispill Cali, Pleasing, Maale Gars, Celtica oder Schëppe Siwen - awer och méi nei Artisten ewéi d’Mäna, wat ufanks dës Joers um Luxembourg Song Contest deelgeholl huet, an d’Marcy, wat am Abrëll 2022 seng éischt Single “Johnny” erausbruecht huet an zanterhier vun der Lëtzebuerger Musekszeen net méi ewechzedenken ass.
Déi jonk Singer-Songwriterin geet schonn zanter Jore privat op d’Fête de la Musique. D’lescht Joer huet si et dunn op d’Bün op der Place d’Armes gepackt, déi jo vum “CID - Fraen an Gender” bespillt gouf. Leschte Weekend war si dunn zu Schengen ze gesinn. “Et war wierklech cool, mä esou waarm, ech hat d’Gefill, dass mir de Make-Up vum Gesiicht geschmolt ass”, laacht déi jonk Sängerin. Op hiren Optrëtt zu Diddeleng freet si sech awer besonnesch. “Diddeleng fillt sech un, ewéi e Meilesteen an der Karriär. Ech hunn esou vill Bands do entdeckt, ënner anerem meng Liblingsband “Giant Rocks”, wéi si 2018 do gespillt hunn, an elo kënnen op där Bün ze stoen, ass esou eng Éier. Ech mengen, ech war nach fir kee Concert bis elo sou nervös ewéi fir deen Heiten.”
Dëst Joer hunn all d’Gemengen eng Schëpp dropgeluecht. Sief et Steesel, déi mat engem “Made in Luxembourg” Programm, e Sonnden d’Leit begeeschtert hunn, d’Miseler Museksfrënn, déi d’Occasioun genëtzt hunn, fir gläichzäiteg de Jubiläum vu 40 Joer Schengener Ofkommes ze feieren, oder och d’Haaptstad wou, nieft de gewinnte Bünen a Caféen, och de Knuedler rëm um Start war, nodeems en eng Rëtsch Joer wéinst Aarbechten ausgefall ass. Do hunn e Freiden Owend Artisten ewéi den Don Piano, Adriano Selva (fréier “CHAiLD” genannt) a Ryvage d’Plaz erëm zum Liewe bruecht, éier e Samschden de Conservatoire an e Sonnden d’UGDA mat hirem “UGDA Museksdag” iwwerholl hunn. Deen ass jo zanter 2005 feste Bestanddeel vun der Fête de la Musique.

“Mir hunn eng Méiglechkeet gesinn, fir eise Veräiner eng Bün ze ginn, wou si sech kënne presentéieren an de Leit dobaussen d’Vilfalt vun de Veräiner an der Amateur-Kultur ze weisen”, erkläert de Roger Roulling, Vize-President vun der UGDA. “Mir hu Museken, Chorallen, Mandolinn-Veräiner, Big Bands, Folklore-Veräiner - also mir si ganz breet opgestallt an ’t ass flott dat alles an engem Dag kënnen op eng Bün ze bréngen.”
Et géif awer net nëmmen ëm d’Museker goen, mä natierlech och ëm de Public, deen dëst Joer vum 13. bis den 21. Juni Deel vun de Festivitéite ka sinn. “Et ass e richtegt Volleksfest ginn. Et geet net nëmmen ëm d’Musek, mä och ëm alles, wat ronderëm ass: dat convivialt Zesummesinn, e Patt zesummen drénken, eng Grillwurscht iessen”, sou de Roger Roulling. “Et ass anescht wéi einfach e Concert lauschtere goen; et ass wierklech eng ‘Fête’, e Fest vun der Musek.”
Eng Meenung, déi och den John Rech deelt. “Et ass eng Méiglechkeet fir dem Public ze begéinen a fir nei Fans ze gewannen”, sou den “opderschmelz” Direkter. “Wann ech elo spezifesch Diddeleng kucken, wou ech elo schonn 32 Joer laang d’Organisatioun maachen, ass d’Fête de la Musique en Highlight vun der Saison, en Event wou ee sech gäre weise geet a wou een och kann als Meilestee vu senger Karriär an de CV schreiwen.”
Egal op Visiteur, Schüler, Hobby- oder haaptberuffleche Museker - d’Fête de la Musique ass een Datum, dee bei Villen all Joer fix am Kalenner steet, net nëmme well een ëmmer rëm nei Artiste kenne léiere kann, mä och, well et eng Erënnerung dorun ass, wat Kultur fir eis maache kann: Leit zesummebréngen a verbannen, egal wee mir sinn, egal wou mir wunnen oder wat mir maachen.
Auteurs
Artistes
Institutions
Les plus populaires
- 26 juin. 2025
- 17 juin. 2025
- 27 juin. 2025
- 30 juin. 2025
ARTICLES
Articles
11 juil. 2025Casse-Dalle
Un petit repas artistique sans chichis
Articles
09 juil. 2025Hybrid Futures
Un regard artistique sur nos possibles futurs
Articles
04 juil. 2025Tali
Le talent révélé à l’Eurovision