26 juin. 2025D’Roserei vum Cosimo SugliaJonken Auteur verëffentlecht éischte Roman

Photo: Cosimo Suglia
Photo by Phil Cee https://www.instagram.com/philcee_
De Cosimo Suglia mosht duerch den Dancefloor vun der MK Bar. D’Band Deep Dive Culture leet no enger schnulzeger Nummer rëm richteg lass. De Cosimo mécht sech breet. Hëlt Plaz an. Weist sech. Hien wierkt méi grouss wéi soss, méi schéi wéi fréier, méi selbstbewosst och, vill méi selbstbewosst wéi wärend sou munche vun eisen alen Uni LU Deeg.
Op verschidde Leit wierkt säin Danze wéi debilt Ronderëmgejumms, an awer och fir déi Leit bleift e Fakt onofstreidbar:
De Cosimo huet Stil.
Dat selwecht léisst sech vu senger Prosa soen.
Méfiez-vous des apparences: zwar spillen den Owend Hip Hop a Rock Acts, tatsächlech si mir op enger Liesung. Tëschent de Bands liest de mëttlerweil drëssegjäregen Auteur aus sengem éischte Roman, Roserei, dee bei Op der Lay erauskoum:
“Jiddereen danzt.
A wéi se danzen. Zesummen. Eleng. Et ass egal. Alles, wat wichteg ass, ass dass se danzen. D’Energie vun der Beweegung. De Kierper existéiert, bestätegt am Elo. An et ass ustiechend. Et ass gespronge vun enger Persoun op déi aner. Jidderee muss matdanzen. Wien et net mécht, ass respektlos; e Broch an dëser anarchistescher Force majeure.
Jiddereen danzt. Verbraucht Energie.
D’Vergaangenheet ka kucken, wou si soss sinn.
Si si Futuristen.
Well elo, elo danze se an d’Zukunft eran.”
Ech sot et jo: hien huet Stil.
A Roserei gi mir dem Bo, der Kamila an dem Geogres no – de Bo ass en transgender Jong: ass dëst déi éischt Instanz vun engem transgender Protagonist an engem lëtzebuergesche Roman?
Gutt Fro. Ech weess et net. Hoffentlech.
D’Konschtrichtung Futurismus gëtt am Buch ëmmer rëm erwäänt. Firwat, an: wat fir weider Konschtstréimungen hunn dech am Schreifprozess inspiréiert?
Am Fong alleguerten déi, déi aus dem Modernismus kommen: Surrealismus, Absurdismus, a Futurismus gehéieren och dozou. Firwat Futurismus? Einfach well ech dat op der Uni gesinn hunn an et mech faszinéiert huet. Am Endeffekt muss een drun denken dass – an dat gëtt och am Buch erwäänt – d’Futuriste Faschiste waren. Si wollten alles vun der Vergaangenheet zerstéieren. Si ware fir de Krich. Si waren anti-Feministen. An de Protagonist, de Bo, léiert dat andeem s hien d’Manifest vum Futurismus liest. An hie setzt sech och domadden auserneen.
Mir sinn hei ganz no un der Uni LU, virun der MK Bar. Ass et Zoufall, dass deng Liesung hei stattfënnt?
Et ass och Zoufall well ech hei liewen. D’MK Bar ass nach eng vun den eenzege Plazen am Land, déi alternativ Kultur fërdert. A vu dass ech ganz, ganz oft hei si fir Concerten – a fir heiansdo mol eppes drénken ze kommen – duecht ech mer, et wier déi perfekt Ulafstell fir d’Liesung.
Fir d’Liesung hues du zwee Museksacts invitéiert: de Shmogan Shogan mam Sta an Deep Dive Culture, dat heescht: lëtzebuergeschen Hip Hop a Rock Musek. Een ongewéinleche Choix fir eng Liesung?
Jo. Ech wäert elo ganz éierlech sinn: ech fannen traditionell Liesungen immens langweileg. Also duecht ech mer, ech huele mer musikalesch Ënnerstëtzung dobäi, vu dass am Buch och ganz Museksreferenzen sinn, Hip Hop, Rock, Hardcore, Punk. D’Protagonisten, de Bo, de Georges an d’Kamila, si selwer punk - oder emo. Do duecht ech mer, d’MK Bar ass de natierleche Choix.
Schappeg Fro, mee wat ass Punk?
Uh. Kann een dat wierklech definéieren? Punk ass e Lifestyle. Punk ass wéi een denkt. Punk ass och wéi een sech undeet a wéi een sech verhält – net onbedéngt, mee dat gehéiert och dozou. Et ass géint de status quo goen. Oft si Punks och Anarchisten oder lénks oder alternativ, progressiv. An natierlech ass Punk och eng Museksrichtung. Am Buch gëtt dat och gespigelt.
Roserei ass voller Museksreferenzen. Musek, et gëtt oft gesot, ass immens schwéier duerch de stomme Medium vun der Literatur ze vermëttelen – war dat fir dech en Challenge?
Schonn, jo. Wann een d’Buch liest, mierkt een, dass ganz vill Referenzen am Endeffekt einfach just Namedrops sinn. Oder ech hu mer och de Spaass gemaach, Songtexter mat anzebauen an déi ze verlëtzebuergeschen. Ech hunn einfach probéiert d’Musek, déi ech lauschteren, mat eranzebréngen.
Et héiert een am Stil vu Roserei eng Weiderféierung vun den Eegenaarte vun dengen eeleren Texter, vun denge Gedichter, och wat den Humor ugeet. Domat mengen ech ënnert anerem och déi ganz schrecklech Wuertspiller. Bass du dir fir näischt ze schued?
Nee, guer net. (Laacht.) Ech hu wierklech all Hemmungen iwwert d’Schreiwen fale gelooss a sot: Dat doten ass elo mäint. An ech maachen dat, wéi ech dat wëll.
Dat kreéiert e Kontrast mat dem Eescht vun den Themen.
Natierlech. Dat muss och esou sinn. All Buch dat ech perséinlech gutt fanne mécht dat esou. Déi Approche imitéieren ech.
No der Liesung huet de Gerard Krause, Präsident vun der lëtzebuergescher Science Fiction and Fantasy Society, dir nach d’Coupe fir den europäesche Präis fir beschte Fanzine iwwerginn. Deen krut dir mat Aner Welten offiziell lescht Joer. Wéi huet dat sech ugefillt, a wéi geet et mat Aner Welten weider?
Gutt Fro. (Laacht.) Momentan ass Aner Welten offline a mir mussen dat ëmorganiséieren. Mee de Präis ze kréie fillt sech cool un, och well et ass déi éischt Sammlung ass, déi ech editéiert hunn. Dann direkt een europäesche Präis ze gewannen ass surreal, an deem Sënn.
Am Lycée wollt een dech op eng Metzlerausbildung orientéieren, wat fir wuel déi mannste Literaten am Land de Fall ass. Du hues dech och an de leschte Jore vill verännert. Wat fir Meilesteng identifizéiers du als relevant an denger Verännerung zu der Persoun déi haut dëse Roman erausbréngt?
Witzegerweis hunn ech mech selwer op Metzlerklassen orientéiert well ech einfach dräi Mol am Lycée duerchgefall war a mir sot, ech hu keng Loscht méi. Am Endeffekt hunn si mech net geholl, wat gutt ass, well ech dann einfach weiderstudéiert hunn. (Laacht.) Wat huet sech geännert? Wéi ech meng Hemmungen am Rapport mat Literatur fale gelooss hunn, hunn ech dat och a am perséinleche Liewe gemaach. Ech hu vill u mer selwer geschafft. Dat spigelt sech a mengen Texter erëm.
De Roman heescht Roserei. Wat mécht dech rosen?
Et mécht mech ganz, ganz vill rosen. Par contre, wann een d’Buch liest wäert e mierken dass Léift eng ganz wichteg Roll spillt. Perséinlech sinn ech der Meenung dass wann ee géigeniwwer eppes rosen ass, dass dat och ëmmer een Zeeche vu Léift ass well een sech wéinscht, et wier besser oder aneschters.
Well den Objet vun der Roserei engem wichteg ass? Dat heescht, Roserei ass net e Mangel u Léift?
Genau. Natierlech kann e Mangel u Léift och an Haass eriwwerzéien, mee jo, Roserei a Léift bilden sou e Yin-Yang Spill. An et ass wichteg, sech däers bewosst ze sinn.
Wat steet an Zukunft fir dech u wat Literatur ugeet?
Momentan schreiwen ech Hänsel a Gretel fir de Groussen Theater nei. Dat gëtt am Dezember opgefouert. A soss, jo, dat Üblecht, Gedichter, Kuerzgeschichten. Ech schreiwe grad un engem neie Roman, mee dat dauert warscheinlech nach zwee, dräi Joer.
Hues du schonn en Titel fir den Hänsel a Gretel?
Hänsel a Gretel.
Links:
Sorbet vun Sta & Shmogan Shogan
Auteurs
Artistes
Institutions
Les plus populaires
- 17 juin. 2025
- 27 juin. 2025
- 30 juin. 2025
- 04 juil. 2025
ARTICLES
Articles
11 juil. 2025Casse-Dalle
Un petit repas artistique sans chichis
Articles
09 juil. 2025Hybrid Futures
Un regard artistique sur nos possibles futurs
Articles
04 juil. 2025Tali
Le talent révélé à l’Eurovision