11 mar. 2025DIALOGUENei Residenz zu Wolz

Zu Kautebaach, op hallwer Héischt tëschent Ettelbréck an Ëlwen, waart den Zuch Richtung Wolz op d’Leit aus der Stad. Et ass ee vun deenen Zich mat gréngem Samettbezuch op de Sëtzer an de verstëbste, roude Riddoen. D’Waggone sinn an d’Jore komm, mee nach ëmmer funktionell, a se hunn e Charme, deen ee bei de méi rezente Modeller vermësst. Et muss eben net alles fonkelnei sinn a blénken, soulaang et rullt. Dat fannen och d’Leit vum DIALOGUE, der neier Residenz an engem ale Fotosbuttik zu Wolz.

„Ech brauch keng Zentralheizung.“
Dem Projet Art Wiltz eng Aart face lift ze verpassen. Esou fänkt 2024 alles un. Séier wiisst d’Iddi awer iwwert sech eraus an et entsteet de Plang fir eng dezentral Kënschtler*inneresidenz, déi hire Fokus méi op d’Kreatioun wéi op d’Ausstellung leet: den DIALOGUE.
De Marc Scheer ass responsabel fir d’kulturell Programmatioun bei der COOPÉRATION asbl a cultural manager vum Projet – per Definitioun also e soziokulturellen Acteur, wéi hien net ouni Ironie feststellt. Selwer an enger Residenz war hien ni. Dohier sollte vun Ufank un och Artist*innen an d’Planung vum Projet mat agebonne ginn. Si wéisste schliisslech am beschten, wat esou eng Kënschtlerin oder esou e Kënschtler fir ze schaffe bräicht, wat fir e Material a wat fir eng Räim.

Marc Scheer, Eric Mangen, Rachel Hoffmann (vir),
Ekipp vum DIALOGUE © Marie Romanova
Vill wier dat u sech net, sou den Eric Mangen, Co-Curateur an Deel vun der Artiste-Fraktioun hannert dem Projet. Fir d’éischt bräicht et natierlech e Raum, villäicht esouguer en Haus, esou eent wéi dat fréiert Fotosgeschäft Deltgen zum Beispill. Do rappt een dann de falsche Plaffong eraus, kiert eng Kéier duerch, stellt e Frigo eran an e puer Better, a fäerdeg ass d’Residenz. „Ech brauch keng Zentralheizung“, erkläert den Artist. „Ech brauch kee Parquet a keng Wänn, wou ech näischt däerf ophänken.“
Kloer, eng laangfristeg Léisung wier e provisoresch rafistoléiert Haus sécher net, mee och kuerzfristeg kéinten dem Eric Mangen no jo Initiative ergraff ginn. Renovatioune géingen nämlech kaschten, a wier dat net ëmmer d’Excuse, firwat näischt gemaach géif ginn?
Viraussetzung fir d’Realisatioun vun sou engem Projet wier awer och e Reseau, ergänzt den Didier Scheuren – Artist an selwer ernannten électron libre, zoustänneg fir de Kontakt mat de Residentë vum DIALOGUE. Et rifft een seng dudes un, wéi hie seet, setzt all Hiewel a Beweegung, a wann d’Zutate bis alleguerten um Dësch leien, da gëtt gekacht.
Optakt: Dialog mam Passé
Den Ufank mëscht d‘Marie Romanova. D’Fotografin kënnt gebierteg aus Usbekistan a fënnt am Abrëll 2020 op Lëtzebuerg, wou hat relativ schnell seng Léift fir d’Fotografie entdeckt. „I was very much inspired by the Luxembourgish setting… It was spring, everything was blooming, and I experimented as much as I possibly could. Luxembourg nurtered my art and always supported it.“
E puer Woche virum Vernissage kritt d‘Artistin den Optrag Wolz ze dokumentéieren. „I tried to think not only of what is an interesting place for me, but also of what Wiltz represents, in order to respect both the people who live here and the history of their town, rather than just capturing it through my artistic view“, sou d‘Fotografin. Zur selwechter Zäit wullt sech d’Rachel Hoffmann, Designerin a Grënnerin vum Studio Abricot, duerch d’Archive vun der Photothèque de la Ville de Luxembourg a stéisst op eng Rei Fotoe vum Pol Aschman an anere Fotografen, déi d’Stad Wolz an de 1950er Jore weisen. Dës ginn d’Virlag fir dem Marie Romanova seng Recherche, wouraus den éischten Dialog entsteet.
D’Ausstellung, déi zesumme mat der Residenz den 31. Januar 2025 opgaangen ass, presentéiert d‘Ardennestad aus zwee verschiddenen Joerzéngten duerch d’Lëns vu ganz ënnerschiddlechen Artist*innen. Spilleresch brécht d’Marie Romanova dobäi mat der Linearitéit vun der Zäit, baut Brécken tëschent den Zäiten a lancéiert en Dialog mam Passé.
Suite: Vu Souveniren an éiwege Momenter
Esou wéi dem Pol Aschmann seng Fotoen dem Marie Romanova als Virlag gedéngt hunn, gëtt seng Aarbecht zu enger Virlag fir déi éischt Bewunner vum DIALOGUE. Den Dialog ass zu Wolz deemno keen eidelt Wuert: D’Artist*innen an der Residenz sollen sech mat der Konscht vun de Virgänger*innen auserneesetzen a gläichzäiteg an en Echange mat de Nofollger*inne trieden.
Enn Februar 2025 huet den David Hanes, e kanadesche Landschaftsmoler aus Berlin, als éischte Resident seng Kummer am fréiere Fotosbuttik bezunn. Bekannt ass hie virun allem fir seng naturverbonnen Uelegtabloe, fir déi hien sech op Skizze stëtzt, déi ënnert fräiem Himmel entstane sinn. D‘Zeechnungen si Souveniren u seng Gefillswelt am Moment vun hirer Entsteeung, déi hien, zäitlech versat an duerch d’Erënnerung bewosst verfierft, spéider am Studio an enger Aart emotionalem Réckbléck nei verhandelt.
En anere Bléck op d’Temporalitéit offréiert den iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh ëm déi selwecht Zäit am Konschthaus Prabbeli. D’Ausstellung aus senger Serie Éternelle Instantanéités, déi zënter dem 1. Mäerz besicht ka ginn, exploréiert d’Bestännegkeet vun der mënschlecher Existenz, déi sech géint d’Vergänglechkeet vum Moment stemmt. Mat senger Iddi vun enger ausgedeente Géigewaart schléisst hien esou onmëttelbar un d’Aarbechte vum Marie Romanova an dem David Hanes un a féiert den Dialog viru.
Den Atelier als Aquarium: Abléck an d‘Kreatioun
Ob Ausstellung oder net: Beim DIALOGUE läit de Fokus um Prozess. Oft wier et dem Eric Mangen no an der Kultur nämlech esou: „Du kucks e Bild – sou. Mee, dat Bild ass d’Resultat vum Schaffen. Et ass den ëffentlechen Deel vun der Konschtwelt, deen Deel, bei deem de Public och mat agebonnen ass. Awer dee ganze Rescht bleift oft esou e bëssen ee Mysterium, ob gewollt oder ongewollt.“ Fir d’Aarbecht hannert dem Konschtwierk awer ze valoriséieren, muss een d’Aarbecht och gesinn.
Eng Fënster an d’Kreatioun bitt dohier wuertwiertlech d’Vitrinn vum fréiere Fotosbuttik. Den Atelier – och Aquarium genannt – befënnt sech nämlech um Rez-de-chaussée vum Gebai a bitt de Passant*innen, déi laanscht trëppelen, een Abléck op den Oflaf, deen dem Konschtwierk virausgeet. Et soll een der Kënschtlerin oder dem Kënschtler och begéine kënnen.
Den Dialog geet esou net un de Wëlzer laanscht. Gläichzäiteg wier d’Zil keng forcéiert Ausernanersetzung mam lokale Public. „Wann s de heihinner kënns [als Artist*in], da soe mir net, dass de muss Workshops maachen, dass de muss mat Kanner schaffen oder all drëtten Dag iergendeen Debat public féiere muss“, sou de Marc Scheer. Wann dat awer Deel vun engem sengem Schaffe wier, da wier d’Plattform do. Wann een einfach Rou bräicht, wier dat och méiglech. „Mir probéieren der Kënschtlerin oder dem Kënschtler wierklech eng moossgeschneidert Experienz ze bidden“, hält den Eric Mangen fest.
Dobäi ass et dem Team vum DIALOGUE och wichteg, d’kënschtleresch Aarbescht ze remuneréieren. „Mir wëllen eng Plaz schafen, déi bezuelt gëtt“, sou de Marc Scheer. Wann dobäi um Enn eng Ausstellung, e Workshop oder eng Diskussiounsronn erauskéim, gutt, a wann net, och gutt. „Et muss och einfach méiglech sinn ze failen“, erkläert hie weider. „Dee Raum muss do si fir ze soen: Bon, ech hunn zwar elo hei dräi Wochen un eppes geschafft, mee et ass näischt ginn.“ Och dem Kënschtler oder der Kënschtlerin an der Schafenskris stinn d’Dieren zu Wolz esou prinzipiell oppen.

Als Pionéier wéilt een sech zu Wolz zwar net verstane wëssen, an awer setzt den DIALOGUE bei aller Bescheidenheet en Zeechen: D’Residenz réckt d‘Artist*innen an hiert Schafen an de Virdergrond a beweist, datt et och ouni maximal renovéiert Konschtatelieren an obligatoresch Ausstellungen um Schluss geet. Am a fir de Moment, mat deem wat schonn do ass, kéint jo schliisslech och eppes entstoen, wat, sou den Eric Mangen, „vermësst gëtt, wann et fort ass“ – a genau do läit den Usproch vum Projet.
Artistes
Auteurs
Institutions
Les plus populaires
- 08 avr. 2022
- 20 juil. 2023
- 03 mar. 2025
- 06 mar. 2025
ARTICLES
Articles
21 mar. 2025Ceci est mon cœur
Articles
20 mar. 2025Hannah Ida
Articles
18 mar. 2025