11 juin. 2025Thanks for your attentionDe Yannick Muller an der CeCiL's Box

Et fillt sech e bësse verbueden un, iergendwéi privat, an awer ass den Abléck gewollt. An der CeCiL’s Box presentéiert de Yannick Muller den Ament Dag fir Dag en anere mam Touchebic op DIN A3 veréiwegten Ausschnëtt aus sengem Liewen. Den Ufank mécht e Selbstportrait: De Kënschtler stellt sech vir a seet „Thanks for your attention“.
D’Ausstellung an der CeCiL’s Box markéiert de virleefegen Héichpunkt vun enger onverhofften Aventure, déi de Grafiker, Radiosmoderator an DJ, Yannick Muller, wärend der Pandemie an d’Molerei féiert.
Réckbléck: Zeechne géint de Virus
Et ass Februar 2020 an d’Welt steet stëll. Zumools an der Kultur leeft net méi vill: Keng Vernissagen, keng Theaterstécker a – besonnesch tragesch fir de Yannick Muller als Grafiker bei der Rockhal – keng Concerten. „Dat war eng extreem haart Zäit fir mech. Ech war einfach notzlos déi Zäit,“ erkläert hien. „Dat huet mech enorm frustréiert, well ech deen Drock brauch, datt ech eppes muss produzéieren. Wann ech notzlos sinn, flippen ech aus.“
Fir d’kreativ Funkstëll ze iwwerbrécken, kritt hie wärend dem Lockdown vun engem Kolleeg en Zeechentagebuch geschenkt, wat hien am Ufank nach mat Akafslëschten, To-Do’s a graffe Skizze fëllt. Vun deem wat spéider doraus entstoe sollt, ass zu deem Moment nach wéineg ze erkennen.

Aus enger Säit ginn awer zwou, dann dräi, an no an no entsteet eng Routine, an där sech méi a méi en artisteschen Usproch bemierkbar mécht: D’Zeechnunge gi méi opwänneg an d’Ambitioun wiisst. „Ongewollt entwéckelt sech den Notizblock an en Illustratiounsbuch,“ sou de Yannick Muller. „Mat der Zäit ass eng richteg grafesch Volontéit entstan, dat Ganzt och gutt ausgesinn ze loossen.“
Ongeschminkt a, wéi hie seet, „knaschteg“, sollt dat Buch sinn, sou den Auteur, e Ventil fir sech kreativ an emotional auszetoben. D‘Ritual gëtt zu engem Instrument, fir dee monotonen Alldag am Confinement ze bewältegen, säi ganz perséinlechen Antivirus.
„D’Pandemie fir mech, dat ass dat hei.“
Methodesch orientéiert hien sech um Dadaismus: „Ech huelen e wäisst Blat, leeën e Stëft drop a kucke, wat dobäi erauskënnt.“ An dobäi eraus kënnt eng Jett. Änlech wéi hannert dem Mëschpult, wou de Yannick Muller als Bobby Bieles all Samsdes beim Radio 100,7 an ëmmer mol erëm op verschiddene Festivaller steet, sampelt hien och hei déi verschiddensten Zeechestiler a Motiver, déi hien iwwert zwee Joer zu enger knalleg bonter Kompilatioun zesummemixt. Ästhetesch inspiréiert hien sech un der Popkultur aus den 1990er Joren a jongléiert mat Referenzen aus senger Kandheet, vum He-Man bis zu de beléiften NBA-Pechbiller aus där Zäit.

D’Zeechnungen erziele keng Märercher, mee sinn aus dem Liewe gegraff. „Et ass éierlech, wat do steet. Egal, wat ee kritiséiert, et ass alles geschitt.“ Dobäi handelt d’Buch net vu glorräiche Rittergeschichten, mee vum Alldeeglechen. „Do ass den [brittesche Rapper] MF Doom gestuerwen, do hunn ech dës Plack kaf, do hunn ech en Ee gebroden.“
D’Tagebuch liest sech wéi eng deels melancholesch, deels humoristesch Zesummefaassung vu senger Zäit am Confinement: 500 Deeg op 500 Säiten. „D’Pandemie fir mech, dat ass dat hei“, erkläert de Yannick Muller a klappt mat der flaacher Hand op de Buchdeckel.
„Éierlech, weess de, Häerz op d'Hand, sans plus, wierklech.“
Op Säit 480 rifft d’Valerius Gallery un a freet, ob hie wéilt bei enger Gruppenausstellung matmaachen, et wier een duerch seng Instagram-Posts op hien opmierksam ginn. Fir de bis dato Fräizäit-Zeechner koum d’Ufro iwwerraschend, mee en akzeptéiert a mécht d'Säitenzuel ronn.

Den 30. Juni 2021 schléisst de Yannick Muller de Projet mat engem Portrait vum Kolleeg of, deem en d’Tagebuch ze verdanken huet. Et ass déi lescht Säit op engem risege Koup, deen hie selwer net méi iwwerbléckt. „Ech hat esou vill Biller, do hunn ech dat fir d’éischt emol misse verschaffen. Do hunn ech se laang, laang leie gelooss, sou wéi e gudde Wäin, dee räift.“ En halleft Joer drop, entscheet hien sech, dat Ganzt ënnert dem Titel „AntiVirus“ ze publizéieren.
Haut stellt de Yannick Muller an der warscheinlech meescht besichte Konschtvitrinn vum Land aus, an der Stater Foussgängerzon, nëmmen e puer Meter vun der Place d’Armes fort. Wéi an enger Aart analogem, sozialem Medium, léisst hien an der CeCiL’s Box d’Passantinnen a Passante fir 80 Deeg a säi Liewen eraluussen. De Prinzip gläicht deem vum Buch: een Dag, ee Bild – dës Kéier am Groussformat –, an dat Ganzt „éierlech, weess de, Häerz op d’Hand, sans plus, wierklech.“

Wou déi artistesch Rees ab elo higeet, stéing awer nach an de Stären. Marketingtechnesch wier et sécher net ganz gescheit dat zouzeginn, seet hien, mee et géif kee Plang fir d’Molen. Dofir leet hien awer weider als DJ op, sou wéi geschwënn um Blues’n’Jazz Rally. Donieft wieren och aner Saachen am Uewen, mee Detailer verréit de frëschgebakene Moler nach net.
Thanks for your attention!
Auteurs
Artistes
Institutions
Les plus populaires
- 26 juin. 2025
- 17 juin. 2025
- 27 juin. 2025
- 30 juin. 2025
ARTICLES
Articles
11 juil. 2025Casse-Dalle
Un petit repas artistique sans chichis
Articles
09 juil. 2025Hybrid Futures
Un regard artistique sur nos possibles futurs
Articles
04 juil. 2025Tali
Le talent révélé à l’Eurovision