Lauschtergeschichte fir Kanner vu 7 bis 9 Joer fir d'Kannerkëscht vum Radio 100,7

Lauschtergeschichte fir Kanner vu 7 bis 9 Joer fir d'Kannerkëscht vum Radio 100,7

Logo vun der Kannerkëscht vum Radio 100,7

De Média de service public 100,7 mécht en zweeten oppenen Appell fir Lauschtergeschichten, déi vun onofhängege Produzente realiséiert ginn. Gesicht gi Geschichten op Lëtzebuergesch fir Kanner vu siwe bis néng Joer.

Den Appell ass fir fäerdeg produzéiert Lauschterspiller. Et ass deemno de Produzenten hir Roll, Auteuren, Schauspiller:innen, Tountechniker:innen, etc. zesummenzebréngen.

Ënner de Projeten, déi bis den 29. September 2025 eragereecht ginn, wäerten zwee Stéck ënnerstëtzt ginn, fir eng Pilot-Episod ze produzéieren. De Gewënner kritt dann den Optrag, eng ganz Staffel vu Lauschterspiller ze produzéieren.

D’Geschichte wäerten an der Kannerkëscht, der Online-Mediathéik vum Radio 100,7 fir Kanner (kannerkescht.lu), publizéiert ginn.

 

ARTICLES