Videoconcours - Crème Fraîche
De Service national de la jeunesse (SNJ) lancéiert déi 15. Editioun vum Videoconcours Crème Fraîche, an Zesummenaarbecht mat dem Centre national de l'audiovisuel am Kader vum Luxembourg City Film Festival.
Jonker tëschent 12 an 30 Joer aus Lëtzebuerg kenne jee no Alter an dräi Kategorien um Concours deelhuelen:
- Crème Surprise - Onerwaart 90 Sekonnen: An dëser Kategorie geet et em d’Produktioun vun 90-Sekonne-Clips mam Thema “Plottwist”.
- Hotel Fraîche – Een Dréibuch aus dem Zëmmer 15: Dës Kategorie léit dozou an, een originellt Dréibuch zum Thema “Plottwist” ze schreiwen. Des Kategorie riicht sech besonnesch u Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi éischt Erfarunge mam Schreiwen vun Dréibicher sammele wëllen.
- Zenario+ - Fir déi mat méi Erfarung: Des drëtt Kategorie verlaangt vun de Jonker, een originellt Zenario fir ee Kuerzfilm vu 6 bis 9 Minutten ze entwéckelen. Dës Kategorie steet jonken Erwuessene mat engem Ofschloss am Filmberäich op.
Deadline: 3. Februar 2026
Event: 7. Mäerz 2026 am Kinepolis Kirchberg
Méi Informatiounen op cremefraiche.lu
ARTICLES
Articles
02 déc. 2025Maz Univerze
Articles
27 nov. 2025Miki : star montante de la pop
Articles
26 nov. 2025