Kleeschen
Ariston
Spectacle vivant
Théâtre
à partir de 3.00 €
à partir de 3.00 €

jonke Publikum 4-8 Joer



De klenge Theater-Brunch (12h00) an den Atelier de théatre enfant (13h00) de 07/12 - Reservatioun iwwer Mail : reservation.theatre@villeesch.lu

.


En Dezember ouni Kleeschen? Dat ass wéi e Chrëschtbam ouni Kugelen. Onméiglech! Och dëst Joer fënnt de Kleesche säi Wee nees op d’Büne vu Lëtzebuerg,

From ECHO.lu

fir de Kanner um Enn vum Joer eng ganz besonnesch Erënnerung matzeginn. D’Kanner kucken an eng gemittlech Stuff eran – a fannen eraus, datt um Niklosdag sou munches schif goe kann. Dat geschitt eben, wann e virwëtzegt Kand sech ze fréi erofschläicht, fir erauszefannen, wat de Kleeschen do ënne sou stiicht. Wat wënscht sech e Kand hautdesdaags? Versteet den ale Kleeschen dat iwwerhaapt nach? A wéi parkt een am beschte säi Schlitt? Et gëtt vill Froen, vill Musek, vill Quatsch a vill Geschichten, un deene sech d’Kanner an der däischterer Joreszäit wierme wäerten, gedroe vum Geschichtenerzieler Roger Seimetz an de Museker Fränz Hausemer a Benoit Martiny.

Emplacement

Ariston

rue Pierre Claude
L-4063 Esch-sur-Alzette
Luxembourg

Environnement
Intérieur
Public
Pour tous publics
Langues
Luxembourgeois