ZongenZodi
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
Spectacle vivant
Théâtre
à partir de 8.00 €

ZongenZodi. ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.


Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt Aacht Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen. 


From ECHO.lu

Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt! Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op… an op eemol geréit alles duercherneen!

Emplacement

Kinneksbond, Centre Culturel Mamer

Um Kinneksbond
L-8210 Mamer
Luxembourg

Environnement
Intérieur
Public
Pour tous publics
Enfants
Jeune public
En famille
Langues
Luxembourgeois