Visite guidée - Lëtzebuerg City Bibliothèque
Lëtzebuerg City Bibliothèque
Spectacle vivant
Littérature
Spoken Word
Autres
Arts visuels
Autres
Culture & Science
gratuit |
D'Lëtzebuerg City Bibliothèque organiséiert zesummen mam Service Seniors von der Stad Lëtzebuerg eng geféiert Visitt vun der Bibliothéik. Dës Aktivitéit bitt iech d'Méiglechkeet, d'Bibliothéik besser kennenzeléieren an e Bléck hannert d'Kulissen ze werfen.
Während der Visitt presentéiere mir Iech och d'digital Offer (Ebooks,Lauschterbicher a Filmer am Streaming (MéNuLu)) a weisen Iech wéi dës Ressourcë benotzt kënnen ginn. Dir sidd häerzlech invitéiert, Är technesch Apparater matzebréngen, fir direkt op der Plaz kënnen ze testen.
Wann Dir un dëser Aktivitéit wëllt deelhuelen, mellt Iech w.e.g beim Service Seniors. Mir freeën eis op Är Participatioun.
Reservéierung obligatoresch.
Emplacement
Environnement
Intérieur
Public
Adultes
Langues
Luxembourgeois