Flashback
Kulturhaus Niederanven
Spectacle vivant
Littérature
Spoken Word
Kulturpass Luxembourgticket à partir de 12.00 €
Kulturpass Luxembourgticket à partir de 12.00 €
LuxembourgTicket
Kulturpass

Âge: 14+


#Flashback #Heeschesäck #HuMerSossKengPéng?

E satiresche Réckbléck op 2024

Mir hunn eng nei Regierung!

Nei Biesem kiere besser, soen se.

Eis Stad muss nees propper ginn.

Mä och déi nei Biesem bleiwe lénks a riets hänken. Un den Trottoiren a Bordure vun de logeschen Iwwerleeungen an de juristeschen Interpretatiounen.

Fir de Rescht gëtt et awer och vläicht nach e puer wichteg Themen.

D'Fro stellt sech z.B.: Wéi eng Rekorder knacke mer 2024.

Beim Overshot Day hu mer eis scho mol verschlechtert. Amplaz de 14. Februar 2023 hu mer dëst Joer eréischt den 20. Februar sämtlech Ressourcë vun eiser Äerd verbraucht.

A neen, ... dat ass jo eng Verbesserung. Awer natierlech keng fir sech op d'Schëlleren ze klappen. Do ass éischter nees Eng an d'Akaul verdéngt.

Da kucke mer lo mol ob mer den Hëtzerekord uechter d'Welt ob iwwer 60 Grad gehuewen an d'Unzuel vun den Iwwerschwemmungen nach e bëssche gesteigert kréien.

Ech sinn awer och gespaant wou mer déi 2 Millioune Leit placéieren déi mer deemnächst brauche fir eis Pensiounen ze bezuelen.

An et ass och nees e Waljoer!

Dat gëtt richteg spannend ... dat Joer 2024


Vun a mam: Roll Gelhausen

Emplacement

Kulturhaus Niederanven

Route de Trèves
L-6940 Niederanven
Luxembourg

Environnement
Intérieur
Public
Pour tous publics
Langues
Allemand
Luxembourgeois