Niklos-Expo zu Dikrech
Eglise St.Laurent, Diekirch
Arts visuels
gratuit

Zu Lëtzebuerg steet d’Traditioun zum Niklosdag op der nationaler Lëscht vum immaterielle Patrimoine. Mee, wee war dee Mann, un deen d’Kanner zënter Generatiounen all Joer virum 6. Dezember ee laange Wonschziedel schreiwen? A vun deem dat ganzt Joer iwwer op ville Plazen, net nëmmen an de Kierchen, eng Statu oder e Bild ze fannen ass. Wou kënnt hien hier? Wat gëtt et fir Legende ronderëm hien a wéi ass d’Traditioun, besonnesch zu Lëtzebuerg?


D’Legenden an Traditiounen zum Kleeserchersdag ginn duergestallt. Donieft gi Fotoe gewise vun den Duerstellunge vum Niklos an de Fester zu sengen Éieren aus dem ganze Land. Och historesch Reportagen an Dokumentatiounsfilmer aus de 40er bis 80er Joere gi projezéiert.


From ECHO.lu

Den Entrée ass fräi!


----


Konferenz iwwert d’Niklosduerstellungen an d‘-traditiounen am ganze Land mam Historiker Dr Tom Zago:

  • 17.11. | 17.30 an der Stad an der EwB, 5, av. Marie-Therèse (Entrée G)
  • 25.11. | 19.00 zu Dikrech am Festsall vun der Grondschoul, place des écoles


----


Et wäert och e Kaderprogramm fir Kanner ugebuede ginn. Méi Informatiounen...


.

----


Dës Expo gëtt virdrun an der Stad an der Kathedral ausgestallt. Dëst vum 11. bis de 24. November. Méi Informatiounen…


---


Zum Event op eiser Website...



Emplacement

Eglise St.Laurent, Diekirch

ob der Kluuster
9279
Luxembourg

Environnement
Intérieur
Public
Pour tous publics
Langues
Français
Allemand
Luxembourgeois
Anglais