Béischten
Cube 521
Jemp Schuster
Claire Parsons
Spectacle vivant
Littérature
Spoken Word
Kulturpass Luxembourgticket à partir de 10.00 €
LuxembourgTicket
Kulturpass

Jemp Schuster lira des extraits de son nouveau roman BÉISCHTEN (2023). Il sera accompagné musicalement par Claire Parsons au piano. Dans le petit village d'Eislek, à Korber, entre 1942 et 1949, se produisent des événements que personne ne doit apprendre de l'extérieur. Ce qui, ailleurs, serait simplement balayé sous le tapis, est ici enterré un peu plus profondément. Spectacle en luxembourgeois.


Kromburg oder Kromber ass en Éisleker Duerf, dat sech net vill vun aneren Dierfer ënnerscheet. Déi Kromber Béischte kommen engem kënneg vir. Wat déi Al mat vill Schweess iwwer Generatiounen zesummegekraazt hunn, dat mussen déi Jonk versuergen a weiderginn. Do bleift net vill Plaz fir Dreem a grouss Gefiller.

Hannert de Mauere vun de gewäissten Haiser geschéie Saachen, déi keen dobaussen eppes uginn.


Wéi 1940 d’Preisen d’Duerf an d’Land besetzen, traut kee méi deem aneren. De Felix Drengler gëtt 1942­ agezunn. Seng jonk Frau Anni erwaart e Kand vun em. D’Milli léiert säi Papp ni kennen. De Felix bleift vermësst.


1945, d’Duerf ass nom Krich am Opbau, verschwënnt de Leo, e Bouf vun 13 Joer. Och deen daucht net méi op. Eenzel Leit am Duerf schéngen awer méi ze wëssen, wéi se soen. Iwwert de Felix an iwwert de Leo.



D’Duerfgespréich gëtt esou schlëmm, datt d’Anni et net méi doheem aushält…


Claire Parsons

Zanter hirem éischte Präis um “Luxembourg Music Awards” am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot. 2020 huet si hire Studium am Jazz Gesang mat engem Master um Conservatoire Royal zu Bréissel ofgeschloss an ass zanterhier, als fräischaffend Musekerin, op villen nationalen an internationale Bünen a Festivaler ze gesinn an ze héieren.


Emplacement

Cube 521

Driicht
L-9764 Marnach
Luxembourg

Environnement
Intérieur
Public
Pour tous publics
Langues
Luxembourgeois