Back to top
Luxembourg, Grand Théâtre

Invités de la session :

Tania Brugnoni, 1535° Creative Hub Differdange
Sylvia Camarda, danseuse, chorégraphe
Sophie Langevin, actrice, actors.lu
Carole Lorang, metteur en scène, Compagnie du Grand Boube, Theaterfederatioun
Sam Reinard, Rocklab, Rockhal
Nathalie Ronvaux, auteure
Dr. Christiane Schnell, Institut für Sozialforschung an der Goethe Universität Frankfurt
Trixi Weis, artiste, AAPL (Association des Artistes Plasticiens du Luxembourg)
Nico Weydert, Statec
 
Introduction thématique : Dr. Christiane Schnell (Institut für Sozialforschung an der Goethe Universität Frankfurt) : « Was bedeutet Professionalisierung in künstlerischen Berufen? Empirische Befunde und theoretische Deutungen ».
 
Flashpoint : Nico Weydert (Statec) : « L’emploi culturel au Luxembourg ».
 
Déi zweet Sessioun vun den Assises culturelles gouf vum Claude Mangen ageleet. Dobäi huet hien direkt d’zentral Theme vun dësem Panel, dat ënnert dem Titel « Kënschtler – e Beruff wéi en aneren?“ stoung, abordéiert: d’Aarbecht an d’Remuneratioun, d’Spezialisatioun am Kontext vum Kënschtlerberuff an déi spezifesch Entwécklung zu Lëtzebuerg. Awer och d’Fro vun den Objektiver fir d’Zukunft, déi eng sëlleche Froen opwerfen, huet hien ugeschwat. De Kënschtlerstatut betreffend muss sech zum Beispill gefrot ginn, ob de Kënschtler als professionell gëllt, well – respektiv wann – e bezuelt gëtt oder well en eng akademesch Ausbildung huet. Brauch de Beruff vum Kënschtler eng juristesch a politesch Unerkennung als Legitimatioun? Ënnert wat fir engem Modell soll de professionelle Konschtschafende fonctionnéieren: ënnert deem vum Independant, vum Fräischaffenden, vum Deelzäitschaffenden oder wat fir aner Konditioune schéngen am passendsten? Wat fir eng Roll spillen dobäi de Staat an de Kulturministère, oder sollte si spillen, ënnert anerem am Hibléck op eng finanziell Ënnerstëtzung a Chômage am Prozess vun der Professionaliséierung; sollen d’Konditiounen hei déiselwecht si wéi fir aner Fräiberuffler? Doriwwer eraus misst een sech froen, sou de Claude Mangen zum Schluss vu senger Introduktioun, ob de Marché zu Lëtzebuerg grouss genuch ass, fir alle Kënschtler ze erlaben, vun hirem Beruff ze liewen.
 
D’Dr. Christiane Schnell, Wëssenschaftlerin a Soziologin, hëlt sech dem Thema vun der Sessioun an hirer Konferenz „Was bedeutet Professionalisierung in künstlerischen Berufen? Empirische Befunde und theoretische Deutungen“ un:
Laang Zäit huet sech dat romantescht Bild vum Kënschtler als Bohémiengehalen, deen entweder vu Mäzenen oder ëffentlech gefërdert gouf, oder awer an Aarmut gelieft huet, wann e keen Erfolleg hat. Zanter den 1970er Joren huet dat sech geännert, andeems d’Konschtmaachen als Erwerbsaarbecht an Existenzgrondlag eng nei Konnotatioun krut. Selbstverwierklechung a Flexibilitéit ware Moteur fir d’Pionéier vun enger (neier) dereguléierter Déngschtleeschtungsgesellschaft. Domat huet sech déi gesellschaftlech Bedeitung verännert an hu sech nei Méiglechkeeten erginn, fir ausserhalb vum Konventionellen ze schaffen; de Kënschtler krut quasi de Status vun engem „Problemlöser mit gesellschaftlicher Aufgabe“. Anerersäits bréngt de Modell vun der Professionaliséierung vum Kënschtler e Gläichsetze vu Persoun a Beruff mat sech; d’Iddi vun der „Berufung“, also der Vocatioun, spillt hei eng wichteg Roll.
 
Am Géigesaz zu dëser positiver Virstellung vun der Konscht an dem Kënschtlerberuff, hunn empiresch Fuerschungen e komplext Netz vu Wënsch, Gestaltungsméiglechkeeten an Ofhängegkeet beschriwwen, déi zum Kënschtlerberuff gehéieren. Hei geet et ëm déi komplizéiert Bedéngunge vum Liewen als Kënschtler, d’Ufuerderungen an eng gewëssen Onberechenbarkeet. D’Dr. Christiane Schnell huet dës „disparate Domänen in der historischen Vorstellung“ ervirgestrach, déi gläichzäiteg eng Roll spillen: iwwersachlech Kompetenzen a Spezialiséierung, soziaalt Encadrement an Individualismus, lokal Bindungen an Internationalitéit, souwéi nohalteg Reproduktioun a Risikobereetschaft.
Et gëtt keng sozial virgepräägten oder institutionell ofgeséchert Mustere fir d’Aarbecht an d’Liewen als Kënschtler; Individualismus an Integratioun an de Konschtsystem ginn zesumme mat enger beruffsbiographescher Eegelogik, an d’Kënschtlersi berifft sech op déi eegen Entscheedung.
Allerdéngs hu sech d’Rahmebedéngunge vum Konschtschafe generell op kontinentaleuropäeschem Niveau verännert. Hei hu sech verschidden Aspekter an de leschte Joerzéngten erauskristalliséiert, wéi déi vun engem kulturstaatleche Paternalismus a verschiddene Forme vu finanzieller Ënnerstëtzung, vu sozialpolitescher Integratioun, vu Kommerzialiséierung an Expansioun. Sou ass dat, wat ursprénglech eng Nisch war, zu engem ekonomesche Faktor ginn, de Konschtmaart gouf finanzialiséiert, de Wettbewerb gouf verschäerft an nieft den neie Chancë koumen och eng erschwéiert Existenzsécherung a méi Drock. D’Motiv vum Kënschtler ass d’Singularitéit, woubäi e Risk vun enger Ofhängegkeet vum Maart, fir ze existéieren, besteet.
 
An engem leschte Punkt ass d’Christiane Schnell op d’Erausfuerderunge vun der Professionaliséierung agaangen:
Dës betreffen engersäits de Kënschtler a senger individueller Entwécklung; hie muss sech ëmmer erëm d’Fro stellen: „Wéi vill Maart verdréit meng Konscht?“, fir seng eege Positioun, awer och seng Konscht a seng sozial Existenzweis dono auszeriichten.
Vu staatlecher Säit hier – an hei orientéiert sech d’Soziologin virun allem un der Entwécklung, wéi se sech an Däitschland manifestéiert huet – si virun allem zwee Voleten ze nennen. Dëst sinn en Ausbildungsoptrag souwéi eng Ënnerstëtzung vun der Konscht, déi net nëmmen op d’Reproduktioun vu Succès um Konschtmaart ausgeriicht ass; heizou gehéiert och de Management an d’Berodung vum Kënschtler.
 
No dëser Interventioun huet den Här Nico Weydert vum Statec kuerz d’Statistik iwwert d’Relatioun tëschent Wirtschaft a Kultur, respektiv d’Situatioun vun de Kënschtler am Kontext zu Lëtzebuerg, virgestallt.
De grousse Fazit beschreift keng gutt Situatioun, wat d’Participatioun oder den Informatiounsgrad vun de Befroten ugeet, woubäi d’Frontaliere schwiereg anzebezéie waren. Ze ënnersträichen ass awer, datt, zum Beispill, de Pourcentage vun den „emplois culturels“ am Verglach mat aneren EU-Länner nach héich läit. Dovunner sinn allerdéngs nëmmen 20% fräischaffend Kënschtler. Generell schaffen am Kulturberäich Leit mat engem héije Bildungsniveau an zu engem liichte Prozentsaz méi Frae wéi Männer.
 
Am Laf vun der Table ronde gouf festgestallt, datt eng positiv Entwécklung opzeweisen ass: An de leschte Jore goufe vill Fortschrëtter gemaach, bei jonke Kënschtler gëtt et vill gudde Wëllen an d’Professionaliséierung ass d’Konsequenz vum Opkomme vu méi Beruffskënschtler, woubäi nach eng Kéier ënnerstrach ginn ass, datt de Kënschtler Risken hëlt.
Donieft gëtt et nach eng ganz Rëtsch aner problematesch Aspekter. Déi gesamt Situatioun ass nach relativ jonk. Et feelt un Unerkennung vum Job, och am finanzielle Beräich; dat stécht nach alles „an de Kannerschong“. D’ekonomesch Realitéit ass d’Maartwirtschaft, wéi se sech an der Rockhal an aneren Etablissementer weist. D’Liewen zu Lëtzebuerg ass deier, an en Travailleur intellectuel indépendant muss all Mount seng Sozialbäiträg bezuelen, och wa keen Akommes do ass. Ausserdeem ass eng Demarche vum „stännege Schaffen“ gefrot, wouduerch oft den Espace an d’Zäit fir d’Kreatioun u sech feelen. De groussen Deel vun de Kënschtler ass (gutt) ausgebilt, mee d’Strukture wëssen nach net, wéi domat ëmzegoen ass. Gläichzäiteg gëtt vun de Kënschtler Polyvalenz an engem héije Mooss gefrot, heiansdo och an engem ze vill héijen. De Metier freet och enorm Kompetenz, an nieft der Kreatioun muss de Kënschtler sech generell selwer verwalten. Bei de bildende Kënschtler ass de Risiko och deen, ze schafen, ouni Garantie vun enger Visibilitéit oder engem Verkaf vun hire Wierker.
Nieft de positiven Aspekter vun der Entwécklung an deene verschiddene Facteure vun Onsécherheet fir de professionelle Kënschtler, huet d’Table ronde awer och eng Partie Weeër opgewisen, wat nach ze maachen ass. Sou gouf festgehalen, datt d’Professionalitéit en Ëmfeld brauch. Sécher ass Kënschtler sinn eng Entscheedung, zu där ee muss stoen, an awer sollten déi Konschtschafend heiranner ënnerstëtzt ginn, an dëst, zum Beispill, och schonn direkt no dem Studium, wou si vläicht nach eng Bewährungszäit brauchen, bis si hir Kreatioune kënne virstellen. Allgemeng brauchen d’Kënschtler als Ënnerstëtzung souwuel Formatioune wéi Bourssen an Atelieren.
Op finanziellem Plang, de Kënschtler betreffend, gouf ausserdeem ënnerstrach, datt hien net nëmmen de Publikum brauch, mee och d’Moyene fir sech ze projezéieren; e soll ënnerstëtzt ginn, och wa keng Rentabilitéit besteet. Et misst ee vun engem „investissement public“ amplaz vun enger „dépense publique“ schwätzen. De Kënschtler soll aus der „Bittstellung“ erausbruecht ginn. Doriwwer eraus soll, am soziale Beräich, de professionelle Kënschtler vun aneren Travailleurs intellectuels indépendantsënnerscheet ginn, zum Beispill duerch e Kënschtlerstatut amplaz vun deem vum Travailleur intellectuel indépendant, duerch Senkunge vu Steieren an Upassung vun de Cotisatiounssätz an duerch Senkunge vun der TVA op Serviceleeschtungen a Konschtobjeten.
Och um Niveau vun den Institutioune wiere finanziell Ännerungen ze wënschen: De Budget vu klengen Haiser, an deenen e professionellen Déngscht iwwer de Benevolat geleescht gëtt, well mat klenge Mëttele geschafft gëtt, sollt ugehuewe ginn.
Ausserdeem bräicht een eng „volonté de coopération“ tëschent Staat a Kënschtler, respektiv Organisateuren. Och misste politesch Responsabilitéite geholl ginn, fir bei den Institutiounen a Firmen (och bei deenen, déi aus dem Ausland kommen) Lobbyaarbecht fir d’Promotioun vun der lëtzebuergescher Konscht ze maachen, an esou Méiglechkeeten ze ergräifen, fir de Maart ze erweideren. Um Niveau vum Publikum, schlussendlech, misst een de Wee vun der Sensibilisatioun goen, fir neie Public ze gewannen, an och de Publikum misst „professionaliséiert“ ginn.
 
 
Den Debat mam Public vun der Sessioun huet dann och eng Partie vun deenen Aspekter, déi schonns an der Table ronde genannt goufen, weidergefouert.
Och hei gouf dat Finanziellt thematiséiert, zum Beispill datt Prestatiounen ëmmer sollen honoréiert ginn, datt no Boursse froe keen Heesche wier, mee eng Ufro vu Subventioune fir eegestänneg kënnen ze schaffen, datt vill méi Suen an d’Institutioune wéi an d’Kënschtler, déi do schaffen, gepompelt géife ginn an eng Balance misst geschaaft ginn, a schliisslech, d’Kënschtlergagë betreffend, datt dës fir déi lëtzebuergesch Kënschtler ze niddreg wieren, méi niddreg wéi fir déi auslännesch Gäscht, an datt d’Gagë solle gehéicht an aktualiséiert ginn; zanter bal zwanzeg Joer wier de Montant quasi deeselwechte bliwwen.
Och de Volet vun der Ënnerstëtzung ass nach eng Kéier ugeschwat ginn: D’Kënschtler brauchen Agenten an Experten, déi si op hirem Wee fërderen a begleeden.
Weider Meldungen aus dem Publikum hunn dann och nach aner Aspekter ugeschwat, zum Beispill, datt ze vill Import aus dem Ausland géing kommen an datt Kulturkritik zur Verbesserung vun der kultureller Entwécklung géing gehéieren, d’Medien awer net genuch an déi Richtung géinge maachen. Ausserdeem sollen d’Kënschtler méi Selbstvertrauen hunn a sech solidariséieren. Et ass dann och Kritik un den Assisë selwer formuléiert ginn, andeems, mat groussem Pessimismus, hir Wierksamkeet hannerfrot gouf; villes läit sécher nach am Tirang, et gëllt weiderzemaachen.

Sascha Ley