Back to top
Luxembourg, Grand Théâtre

Invités de la session :

Serge Basso de March, Kulturfabrik
Laura Graser, Rotondes
Sandrine Hoeltgen, enseignante et coordinatrice culturelle du Lycée Belval
Marcel Kramer, directeur, Lycée classique de Diekirch
Jean-Marc Lauret, ministère de la Culture et de la Communication, France
Roland Meyer, auteur, enseignant
Claude Moyen, professeur d’éducation artistique (Lycée classique de Diekirch), conseiller pédagogique (MUDAM)
Pascal Sticklies, Philharmonie Luxembourg

Introduction thématique : Jean-Marc Lauret (Chargé de mission d’inspection générale des affaires culturelles, ministère de la Culture et de la Communication, France) : « À quelles conditions une action d’éducation artistique et culturelle peut-elle avoir un impact positif sur les enfants ? ».

 Am Panel « École – un lieu de transmission culturelle » hunn d’Moderatore virop un d’Haaptpunkten, déi an de Rapporte vun de Virbereedungssëtzunge vun de verschiddene Secteure festgehale gi sinn, erënnert. Dat waren ënner anerem : eng méi geziilt Kooperatioun tëschent dem Kulturministère an dem Educatiounsministère, d’Formatioun vun den Enseignanten an den Educateuren, d’Sensibilisatioun vun de Jonke fir Konscht a Kultur, eng Virbereedung op Kulturberuffer, en Tarif réduit fir d’Kulturinstitutiounen an d’Programmkommissiounen. Déi dräi lescht Theme sinn an der Diskussioun leider net behandelt ginn, woubäi dat awer besonnesch am Bezuch op d’Programmkommissiounen – also och op de Contenu, deen an de Coursen an duerch d’Aktivitéiten ze vermëttelen ass – wichteg gewiescht wier.
A senger Konferenz „À quelles conditions une action d’éducation artistique et culturelle peut-elle avoir un impact positif sur les enfants ?“, huet de Jean-Marc Lauret iwwert eng ganz Rei wichteg Sujete geschwat; am Folgende si just déi festgehalen, déi och an der Table ronde opkomm sinn.
Allgemeng ass festzestellen, datt kulturell-kënschtleresch Bildung am Curriculum wéineg Plaz anhëlt. Dobäi ass et wichteg ze ënnersträichen, dass, wann déi kulturell-kënschtleresch Bildung en Effekt soll hunn, genuch Zäit virgesi muss ginn, fir datt déi verschidden Initiativen, wéi zum Beispill d’Partenariater tëschent den Institutiounen an den Artisten, geziilt kënnen ausgefouert ginn. En nohaltegen Effekt kann ausserdeem nëmmen dann erreecht ginn, sou de Jean-Marc Lauret, wa folgend dräi Dimensioune matenee verbonne ginn: le voir (duerch d’Visitten), le faire (aktiv kënschtleresch täteg sinn) an, iwwert de Wee vum Enseignement, d’Verstoe vun de Wierker duerch Konscht- a Kulturgeschicht. D’Projet-d’établissemente spillen deemno eng decisiv Roll; dës mussen, sollen se en Impakt hunn, allerdéngs déi ganz Communauté éducative mat abezéien an net just op de Schëllere vun e puer engagéierten Enseignantë gedroe ginn. Heiraus ergëtt sech, datt och d’Formatioun vun den Enseignanten an den Domainer vun der Konscht a Kultur eng Prioritéit muss sinn.
An der Table ronde ass virun allem iwwert d’Struktur an d’Praxis vun der Éducation culturelle an arti​stique debattéiert ginn. Bestoend Strukture sinn ugeschwat ginn, awer och Beräicher, an deenen et néideg ass, ëmzedenken.
En dominante Punkt war de Besoin, eng global Vue fir d’Éducation culturelleze entwéckelen. Heizou zielt och, datt d’Direktioune vun de Schoule fir d’Wichtegkeet vun de Projet-d’établissemente sensibiliséiert ginn, fir datt déi Enseignanten, déi fir dëse Beräich zoustänneg sinn, den néidege Support kënne kréien. Dat ass eng wichteg Viraussetzung fir ze vermeiden, datt sech eleng op hire perséinlechen Engagement verlooss gëtt. Nëtzlech wier et deemno, an de Schoulen Équipes pédagogiques ze bilden, déi zesummen eng Struktur ausschaffen, an där Konschtpraxis an -enseignement zentral sinn. Engersäits kéint iwwert dee Wee eng besser Preparatioun vun de Visitten an de kulturellen Institutiounen a vun den Diskussioune mat Kënschtler, déi an d’Schoulen ageluede ginn, garantéiert ginn an anerersäits den Enseignement vun der Konscht- a Kulturgeschicht méi systematesch organiséiert ginn.
 
E weidert grousst Thema vun der Debatt war d’Formatioun vun den Enseignanten an den Educateuren. D’Éducation culturelle an artistique soll an hirem Cursus méi eng grouss Plaz kréien (d.h. net just an der Formation continue, mee och schonn um IFEN an op der Uni, d.h. scho während dem Stage), fir datt si d’Kompetenze kréien, déi hinnen d’Konscht- an d’Kulturtransmissioun erlaabt an awer och, ganz praktesch gesinn, fir sech der schwiereger Aufgab ze stellen, wéi Kultur mat Kanner a Jugendlechen ze maachen ass.
 
Vu Säite vun de Kulturhaiser ass d’Fuerderung gestallt ginn, datt si Konschtpädagogen zur Säit gestallt kréien, fir datt och hei d’Vermëttlung an d’Praxis méi geziilt an effektiv kënnen organiséiert ginn.
Et gouf etlech Reaktiounen aus dem Sall. Ënner anerem ass op déi wichteg Roll vun der Éducation artistique a culturelle higewise ginn, fir Integratiounsprozesser ze favoriséieren. Et ass och ënnerstrach ginn, datt Kultur net just als Zousaz oder Optioun soll ugesi ginn, mee – well se Deel vum Liewen ass – eng méi geziilt Roll an der Bildung soll spillen, an dat och hei erëm mat Bléck op gesamtgesellschaftlech Prozesser. D’Fuerderung ass, fir d’Kultur méi transversal am Curriculum ze verankeren.
E Kritikpunkt aus dem Sall war, datt an der Podiumsdiskussioun an och an de Sessions préparatoires keng Schüler ageluede waren, wat fir dëse Panel awer wichteg gewiescht wier.
 
Ofschléisse wëll ech mat dëser Reflexioun: Et gëtt allgemeng ugeholl, datt d’Éducation culturelle an artistique eng ganz Rei vu positiven Auswierkungen op den Individuum huet, déi wäit iwwer de Konschtberäich erausginn (z.B. perséinlech Identitéitsbildung, Entwécklung vum kritesche Geescht a vu soziale Kompetenzen, etc.). Si soll de Jonken et erméiglechen, mündeg Bierger vun enger Gesellschaft ze ginn an hinnen hëllefen, sech souwuel kulturell wéi och wirtschaftlech weiderzëentwéckelen. Eng Viraussetzung dofir sinn awer Grondkenntnisser iwwert de kulturhistoreschen Hannergrond vun der Gesellschaft, an där se liewen. Deemno misst och Konscht, Kultur- a Literaturgeschicht vu Lëtzebuerg an all hire multikulturellen Aspekter an Dimensioune méi eng grouss Plaz an der Éducation culturelle an artistiquekréien, eng Aarbecht, där sech d’Programmkommissiounen dann och méi konsequent mussen unhuelen.

Prof. Dr. Jeanne E. Glesener