Back to top

Kommunikatioun (w/m/d) 20 Stonnen / Woch

Date limite de candidature:
CDD | Marketing et communication

D'COOPERATIONS Asbl. sicht een/eng Mataarbechter/In fir de Beräich Kommunikatioun (w/m/d) 20 Stonnen / Woch.

CDD 1 Joer vun Dezember 2020 – Dezember 2021

Missiounen:

  • Dir schreift redaktionell Artikelen iwwer Concerten, Kënschtler, Festivaller, Workshops fir Kanner a Filmverëffentlechungen.
  • Äert Schreiwen ass flësseg a lieweg wann Dir an e puer Sätz op verschiddene Facebook- an Instagram-Säiten iwwer Artisten, Vernissagen a Filmreleases bericht.
  • Dir kennt Iech gutt mat CMS-Systemer aus: Dir sidd responsabel fir verschidde Websäiten anzespeisen an z‘updaten.
  • Egal ob Print-, Radio-, Fernsee- oder Onlinejournalisten: Dir këmmert Iech drëms Pressematdeelungen ze verschécken, Campagnen z’initiéieren an Interviewe mat Artisten a Programmdirekteren z’organiséieren.
  • Dir sidd verantwortlech fir d'Editioun an d'Verschécke vu verschiddenen Newsletter.
  • Egal ob Broschür, Annonce oder Postkaart: konzeptuell a redaktionell garantéiert Dir eng koherent Corporate Identity fir déi eenzel Kulturberäicher vu COOPERATIONS Asbl.

Profil a Kompetenzen:

  • Dir hutt exzellent Redaktiounskompetenzen.
  • Dir hutt villsäiteg Interessen an de Beräicher Musek, Konscht a Kino.
  • Dir hutt fundéiert Sproochkompetenzen a LU / DE / FR & EN.
  • Dir hutt Beruffserfarung an de beschriwwene Verantwortungsberäicher.
  • Dir sidd eng sozial Persoun, déi gär an engem Team schafft a laacht. Dir schafft ganz onofhängeg, strukturéiert, gewëssenhaft a resultatorientéiert.

Schéckt w.e.g. Äre Curriculum Vitae, Äre Motivatiounsbréif an Är Beispiller vu redaktioneller Aarbecht virum 31. Oktober 2020 per E-Mail (comite@cooperations.lu) un d'Claudine Schank, Presidentin vum Verwaltungsrot vu COOPERATIONS Asbl

Fichier attaché Size
ASBL-Kommunikation mf-20201610_20 Stonnen.pdf 49.92 Ko
COOPERATIONS Asbl