Back to top

COOPERATIONS Asbl sicht een/eng Mataarbechter/In fir de Beräich Kulturprogramm vum Prabbeli a Ciné Prabbeli (w/m/d)

40 Stonnen/Woch CDD // 1 Joer vun Dezember 2020 – Dezember 2021

Date limite de candidature:
CDD | Management

Missiounen:

Kulturell Programmatioun vum Prabbeli a Ciné Prabbeli elaboréieren an ausbauen:

  • Eng kulturell Programmatioun mat Aktivitéiten an Eventer fir déi weider Méint proposéieren.
  • No neie Projeten a Collaboratioune sichen, déi an déi verschidde Beräicher vum Programm passen: Musek, Kino, Theater, Danz, jonkt Publikum, Ausstellungen, Konferenzen, Eventer.
  • Zesummenaarbechten a Partenariater mat anere kulturellen Acteuren an Institutiounen entwéckelen .


D’Ëmsetzung vun der Programmatioun virbereeden:

  • Déi administrativ, technesch a finanziell Machbarkeet vu Projeten a Bezuch op Budgeten an Zäitplang evaluéieren.
  • Den artisteschen an techneschen Dialog féieren, finanziell Verhandlunge bis zum Ofschloss vun Accorde mat de verschiddenen Acteure vun de Projete féieren.


D'Ëmsetzung vun der Programmatioun duerchféieren an evaluéieren:

  • D'Produktiounséquipe encadréieren an ënnerstëtzen.
  • De gudde Verlaf vun den Evenementer op der Plaz assuréieren (och owes an de Weekend).
  • D’Programmatioun evaluéieren an optimiséieren.


Profil a Kompetenzen:

  • Dir hutt Experienz an der Kultur- an Eventprogrammatioun a beim Opstelle vu Partnerschaften.
  • Dir hutt Fäegkeeten an der Gestioun vu Prioritéiten an am Féiere vun Aktivitéiten.
  • Dir hutt Verdéifte Wëssen iwwer déi lëtzebuergesch an international Kulturlandschaft.
  • Dir hutt Kreativitéit an der Recherche no Projeten, kombinéiert mat enger strategescher Visioun fir de Kulturberäich.
  • Dir hutt Exzellent Qualitéiten am relationelle Beräich.
  • Dir sidd flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet.
  • Dir sidd eng sozial Persoun, déi gär an engem Team schafft a laacht. Dir schafft ganz onofhängeg, strukturéiert, gewëssenhaft a resultatorientéiert.

Comment postuler

Schéckt w.e.g. Äre Curriculum Vitae an Äre Motivatiounsbréif virum 31. Oktober 2020 per E-Mail (comite@cooperations.lu) un d'Claudine Schank, Presidentin vum Verwaltungsrot vu COOPERATIONS Asbl.

Fichier attaché Size
ASBL-Kulturprogramm mf-20201610.pdf 48.06 Ko
COOPERATIONS Asbl
8 Gruberbeerig
9538 Wiltz

LIEU DE TRAVAIL:

Wiltz