Back to top

Prix Laurence 2020

Concours | Littérature

Am Cader vun hirem Literatur-Festival LiteraTour invitéiert d'Gemeng Beetebuerg elo ganz häerzlech all Jonker tëscht 12 a 26 Joer bei där 6. Editioun vun hirem Jugend-Literatur-Präis PRIX LAURENCE (2 Alterskategorien: 12 bis 17 a 18 bis 26 Joer) matzemaachen.

Zéckt net, sprangt iwwert äre Schied a schéckt eis elo är nach net publizéiert Texter (Prosa, Poesie, Theater, Rap, Songs...) an där Sprooch wou dir wëllt eran - bis spéitstens den 16. Mäerz 2020, Mëtternuecht.

Eng Jury iwwerliest se, déi et derwäert sinn, ginn online gesat, an déi beschten Auteuren kënnen hir Texter um LiteraTour 2020 (vum 18. bis den 30. Abrëll zu Beetebuerg) am Café Littéraire (37, rte d'Esch, Beetebuerg) virdroen an domadder un der Finale vum Prix Laurence a Prix du Public deelhuelen!

Finale 12 - 17 Joer, mat de Live-Liesongen: samschdes, de 25. Abrëll 2020, vu 14.30 Auer un
Finale 18 - 26 Joer, mat de Live-Liesongen: sonndes, den 26. Abrëll 2020, vu 14.30 Auer un


All Finalist sti maximal 7 Minutte fir seng Live-Liesong zur Verfügung.

D'Texter vun de Finalisten a Laureaten ginn an enger Anthologie publizéiert, déi d'Gemeng Beetebuerg erausgëtt.
 

How to apply

Organisateur

Administration Communale de Bettembourg
Luxembourg

CRITERES POUR CET APPEL:

Délai de candidature:
Bénéficiaire: Individuel
Résident / nationalité du bénéficiaire: LU