Am Gespréich mat der Kënschtlerin Anne Lindner

18 sep. 2020
Am Gespréich mat der Kënschtlerin Anne Lindner

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Anouck Gengler

D'Anne Lindner ass eng fräischaffend Kënschtlerin, déi sech, gedriwwen duerch hier Passioun, vu jonke Joren un scho ganz der Konscht gewidmet huet.

Zanter Oktober 2019 lount d'Anne zesumme mat der Kënschtlerin Karolina Pernar e vun de siwe Konschtatelieren an den Annexes zu Buerglënster. D'Ateliere gi vum Ministère de la Culture géint e bezuelbare Loyer un Kënschtler vermëttelt wat iwwert eng offiziell Ausschreiwung geschitt soubal een Atelier fräi gëtt.

Culture.lu huet d'Kënschtlerin an hirem Atelier besicht fir sech een Androck vum hirem Liewenslaf an hiren aktuellen Aarbechten ze schafen.

De Kapp voller Iddien a geleet vun der Léift ass d'Anne Lindner 2007 nom Ofschloss vun hirem Studium an "Fine Art and Design" vun der "De Montfort University" zu Leicester an England zeréck op Lëtzebuerg komm. Fir d'Artistin war et kloer dass Sie sech ganz hirem kreative Schaffe misst higinn och wann et ufanks haart war un Informatiounen ze komme wei een sech als Kënschtler hei am Land kann etabléieren. No ville Recherchen zum Kënschtlerstatut huet Sie sech 2009 als fräiberuflech Kenschtlerin selbstänneg gemaach a lass geluecht. An den éischte Joren huet Sie sech haaptsächlech der Installatiounskonscht an der Fotographie zougewannt wou Sie 2013 mam Prix de Révélation vum Salon CAL fir hir Fotoserie "Behind Closed Doors" ausgezeechent gouf. 

Collaboration Work with Miikka Heinonen (Video), Joel Nepper (Photography) and Ezri Kahn (dress)

Collaboration work with Miikka Heinonen (video), Joel Nepper (Photography) and Ezri Kahn (dress) | Schwaarzt Haus © Henri Goergen  

Lues a lues huet Sie ëmmer méi d'Molerei fir sech entdeckt. Ufanks esou d'Anne war d'Molerei méi un e konkret Bild an hirem Kapp gekoppelt wat Sie wollt op Pobeier brénge mee mëttlerweil huet Sie sech dovu befreit. Déi nei Aart a Weis un hier Konscht erun ze goen ass entstanen nodeems Sie sech virun engem Joer un der Hand verletzt huet. Eng Zäit net kënnen ze schaffen hat natierlech e groussen Impakt op d'Kënschtlerin a kuerz nodeem Sie erëm ugefaangen huet e bësschen ze zeechne stoung och schonn de Covid19 virun der Dier. Noutgedronge mam Material ze schaffe wat Sie grad wärend dem Lockdown doheem hat, huet Sie ugefaangen de Fokus fir hire Kreatioune méi op d'Ënnerlagen an Kombinatioun mat de Faarwen ze leeën. Esou huet Sie dann och no Joren d'Faarf "giel" entdeckt wat sech an hiren aktuelle Wierker erëm spigelt. D'Biller esou seet d'Kënschtlerin wiere schonn all am Ënnerbewosstsinn present a misste just raus. Dëst gelenkt dem Anne am beschte mat Ënnerstëtzung vu Musek déi hier aktuell Stëmmung ënnersträicht an och wann et heiansdo fir Sie selwer erschreckend wier wat alles am Ënnerbewosstsinn stécht esou ass et awer e ganz befreiende Prozess duerch dee Sie grad geet. E weideren Afloss huet sécherlech och d'Lag vun hirem Atelier zu Buerglënster wou Sie all Dag vun der Natur ëmginn ass.

The Illusionist Illusion Of Finding Gold At The End Of The Rainbow | Walfer Kulturshapp (c) Anne Lindner
The Illusionist Illusion Of Finding Gold At The End Of The Rainbow | Walfer Kulturschapp © Anne Lindner

D‘Kënschtlerin verlount net nëmmen Installatiounen fir Evenementer mee stellt och regelmässeg hier Wierker zu Lëtzerbuerg an am Ausland aus. D'Anne Lindner huet et definitiv gepackt sech als Kënschtlerin zu Lëtzebuerg ze etabléieren ouni sech selwer dobäi ze verléieren a mir sinn elo scho gespaant wat mir an Zukunft nach alles ze gesi kréien.

Bis Sonndes, den 20/09/20 kann een hir aktuell Installatioun The Illusionist Illusion Of Finding Gold At The End Of The Rainbow am Walfer Kulturschapp besichen.

Den Owend, den 18/09/20 ass um 19 Auer de Vernissage vun hirer Ausstellung 'Paralyzed Paradyze - Sketches and Drawing by Anne Lindner an den Annexes zu Buerglënster, déi bis de 4/10/20 op rendez-vous kann besiche goen.

Culture.lu seet dem Anne Lindner villmools Merci fir de flotte mëtten am Atelier a wënscht der Kënschtlerin weiderhi vill Erfolleg op hirem Wee.  

: Paralyzed Paradyze - Sketches and Drawing | Annexes Buerglënster (c) Anne Lindner
Paralyzed Paradyze - Sketsches and Drawing | Annexes Buerglënster ©Anne Lindner