3 Froen un den Tom Leick-Burns vum TalentLAB

25 juin. 2020
3 Froen un den Tom Leick-Burns vum TalentLAB

Auteur: Ministère de la Culture

Dëst Joer hätt den TalentLAB säi fënneften Anniversaire gefeiert. Mee no der aktueller Situatioun, kënnen de Projetslaboratoire an den TalentLAB Festival net an hirer ursprénglecher Form stattfannen a si gréisstendeels op 2021 verréckelt ginn. Allerdéngs hunn den Direkter Tom Leick-Burns a seng Equipe bis den 3. Juli eng Online-Editioun organiséiert mat engem grousse Réckbléck als Streaming fir de Weekend vum 27. an 28. Juni um jeeweils 19 Auer.

Wéini huet Dir Iech dozou entscheet, den TalentLAB an enger digitaler Form ofzehalen a wéi gesinn d’Schwéierpunkte vum Programm aus? Wat dovun ass och fir de Grand Public ze gesinn?

Den digitalen TalentLAB ass aus dem Confinement eraus entstaanen: Déi ursprénglech Editioun vum TalentLAB hätt sollten vum 3. bis den 13. Juni sinn, déi konnt awer leider – aus bekannte Grënn – net ënnert hirer normaler Form stattfannen. Well dëst Joer awer de 5. Anniversaire vum TalentLAB ass, hätte mir et schued fonnt, dëse Schlësselmoment an eiser Saison – deen eis nieft dem Laboratoire an der Festival-Ambiance och den Austausch, den Échange an d’Nodenken erméiglecht – komplett ausfalen ze loossen. Well awer grad déi Elementer och wärend dem Confinement duerch Online-Plattforme méiglech sinn, hu mir entscheet, eng digital Versioun ze lancéieren an déi op ee Mount ze zéien. Den TalentLAB vun dëser Editioun besteet dofir aus Diskussiounsronnen, enger Serie Workshoppe fir Regisseure mam Katie Mitchell, a Videoen, déi mir op eisem YouTube-Kanal streamen. De kompletten Detail fannt Dir op www.lestheatres.lu.

Grad am Kader vun deene Rétrospective bidde mir de Leit eng flott Méiglechkeet, en Abléck an eis lescht Editiounen ze kréien. Mir ginn hinnen dofir bis den 3. Juli all Weekend Rendez-vous op eisem YouTube-Kanal #THEATERDOHEEM.

Den TalentLAB feiert fir dës Editioun säi 5. Gebuertsdag. Ass dëse Format eng gutt Geleeënheet fir nach eemol zréckzeblécken? Wéi wierkt sech den digitale Format op d’Editioun vun 2021 aus?

D’Iddi vun der Gebuertstags-Editioun war et tatsächlech, e Réckbléck an eng Momentaufnahm ze maachen, an och an d’Zukunft vum TalentLAB ze kucken, fir ze gesinn wou déi Initiativ drun ass a wéi se sech ka weiderentwéckelen. Et ass also ganz richteg, datt mir no 5 Joer wollte kucken, wat mir bewierkt hunn, wat positiv ass a wat mir nach kënnen verbesseren. Den éischte Bilan ass ganz positiv an dës digital Editioun huet bei de Kënschtler an eise Partner – national wéi international – ganz positiv Echoen ausgeléist. Dat beweist eis, datt grad no dëser schwéierer Zäit en immense Besoin besteet, fir sech „erëmzegesinn”, sech auszetauschen an ze iwwerleeën, wat mir aus dëser Kris kënne léieren. Wéi sech dës Editioun op 2021 auswierkt, hu mir nach net genee festgeluecht, mee et ass sécher, datt den einfachen Austausch iwwer déi online Plattformen eis wäert motivéieren, deen Aspekt och d’nächst Joer mat anzebannen fir verschidden Aktivitéiten, grad wou jo 2021 ënner dem Zeechen „TalentLAB goes red bridge project“ steet an eng Kollaboratioun mam „Centre for the less good idea“ zu Johannesburg stattfënnt.

Wéi eng Bedeitung huet den Talent LAB bis elo fir d’Theaterzeen gehat a wéi eng Entwécklung gesitt Dir nach fir d’Zukunft?

Den TalentLAB ass eist Häerzstéck wa mir vun der Ënnerstetzung an der Begleedung vu Kënschtler schwätzen: Fir eis ass et wichteg, dëse Kënschtler kënnen eng Plattform ze ginn op där si sech entwécklen an ënnert den optimalste Viraussetzunge schaffen –  a sech awer och iere kënnen. Den Aspekt vun der Formatioun an der Transmissioun duerch d’Begleedung vun enger experimentéierter Persoun - enger „Marraine“ oder engem „Parrain“ –spillt dobei eng wichteg Roll an der Weiderentwécklung vun de Kënschtler. Dobei ass et wichteg ze bedenken, datt den TalentLAB net nëmme fir den Theater, mee och fir den Danz a fir d’Oper do ass an datt grad dee pluridisziplinären Aspekt immens wertvoll ass fir den Austausch tëschent de Formen an tëschent de Kënschtler. En anere wichtegen Impakt ass awer och deen vun der TalentLAB-Community oder Famill – vun all deenen déi bis elo deelgeholl hunn – an dat sinn 266 Artisten an Ekippen aus 13 Länner (!) – a wéi wärend deene verschiddenen Editioune Kontakter entstan sinn, déi ganz onofhängeg vum TalentLAB zu neien Iddeeën a Projete gefouert hunn. An der Zukunft wëlle mir och genee deen Aspekt nach ausbauen andeems mir international Partneren associéieren – fir och no deenen 10 Deeg zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet vun enger 2. Residenz am Ausland ze schafen. Dat Ganzt awer och ëmmer an der Optik fir erauszefannen, wéi den Theater, den Danz an d’Oper vu muer kéinten ausgesinn.

ARTICLES