3 Froen un den David Ianni

11 mai. 2020
3 Froen un den David Ianni

Auteur: Ministère de la Culture

„Musek erënnert eis un eist wierklecht Wiesen an et ass eis Aufgab als Museker, d’Gesellschaft duerch eis Kreatiounen ze beräicheren.“

„Together“, e Stéck vum David Ianni, passt perfekt zum Gefill vun Zesummenhalt wärend der Corana-Zäit. De Projet war ursprénglech als klassesche Museksvideo mat engem faarwege Piano geplangt. Kuerzerhand huet de Komponist d´Léit invitéiert, fir kleng Videosequenze vu sech ze schécken, fir e Video ze produzéieren, deen aus lauter klengen „homemade“ Clips besteet. Den David Ianni erzielt, wéi hien an dëser Zäit geschafft huet.

Wéi huet d´Kris Iech perséinlech an Ärer Aarbecht getraff?

Wéi bei ville vu menge Kollegen a Kolleginnen sinn eng ganz Rei Optrëtter ofgesot ginn, ausserdeem Video-Projeten, déi geplangt waren. Elo kann een als Museker jo och eng Zäit laang ouni Publikum schaffen, sief et nei Musek komponéieren oder säin Instrument üben. Also hunn ech als éischt mol ganz einfach weider komponéiert. Wou do awer kloer gouf, datt de Confinement relativ laang géif daueren an ech vu verschiddener Säit gefrot gouf, mat menger Musek d’Leit ze encouragéieren, war fir mech kloer, datt ech sollt Weeër fanne, fir meng Musek op neiem Wee un d’Mënschen ze bréngen.

Dat war als éischt méiglech iwwer dem Serge Tonnar seng Initiativ „Live aus der Stuff“, wou ech fir den Ilan Schneider (Solo-Braatschist aus dem OPL) dat éischt Stéck aus „Ode to the Helpers“ komponéiert hunn, a kuerz drop du mat „Together“, e Projet fir d’Stad Ettelbréck, deen ursprénglech als klassesche Museksvideo mat engem faarwege Piano geplangt war: hei hunn ech kuerzerhand d’Leit invitéiert, fir mir eng kleng Videosequenz vu sech ze schécken, déi mam Gedanke vum „Zesummenhalt“ souwéi mam Rhythmus vum Stéck („Together Clap“) a Verbindung sollt stoen, sou datt mir e Video géife produzéieren, den am Endeffekt aus lauter klengen „homemade“ Clips sollt bestoen. Dëst war e grousse Succès mat 200 ageschéckte Videoclippen, déi, sou mengen ech, net nëmme mir vill Freed an Hoffnung geschenkt hunn.

Een anere Projet, dee leider net konnt stattfannen, war e Museksvideo, deen ech mat menger Kompositioun „Adieu“ fir den éischten Doudesdag vun eisem Grand-Duc Jean geplangt hat. Och hei wollt ech de Projet trotz Corona realiséieren an e perséinlechen Hommage fir den 23. Abrëll 2020 verëffentlechen. Mat Hëllef vu mengem Verlag, der Universal Edition, hunn ech Enn Mäerz dunn e Projet an d’Liewe geruff, wou Museker mir eng Interpretatioun vum Stéck konnte schécken, déi ech um Enn als Museksvideo zesumme geschnidden hunn. D’Resultat huet mech perséinlech staark beréiert.

Dir schafft aktuell un der Kompositioun „Ode to the Helpers“. A wéi enger Form a wou gëtt et déi ze gesinn?

Momentan schaffen ech nach ëmmer un dëser (nawell usprochsvoller) Kompositioun mam Titel „Ode to the Helpers“, déi vum Ministère de la Culture ënnerstëtzt gëtt. Den Challenge, deen ech mir gesat hunn, ass jo, datt all Instrument vum Sträichquartett e Solo-Stéck huet, dat a sech komplett ass. Dës véier Stécker ënnerscheede sech däitlech an hirem Charakter an Duktus. Awer déi véier Wierker kënne belibeg kombinéiert ginn, sief et vun zwee, dräi oder – als Kréinung – vun deene véier Instrumenter zesummen, déi hiert Stéck spillen! Déi eenzel Solo-Stécker sinn entretemps quasi ofgeschloss. D’Erausfuerderung ass elo, fir eng stëmmeg Suite vun de Stécker an hire Kombinatiounen ze fannen, déi op der enger Säit eng immanent Logik huet, an déi anerersäits och dramaturgesch a musikalesch Sënn mécht.

Wat d’Realisatioun, also d’Opféierung vum Wierk betrëfft, do kucken ech nach, op et geschwënn wäert méiglech sinn, fir déi véier Museker mat Ofstand vuneneen an engem grousse Raum spillen ze loossen an opzehuelen (mat Video), oder op mir weiderhin op eng „Home Office“ Versioun musse bauen. Munch Wierker eegne sech gutt, fir vu verschiddene Museker eenzel agespillt ze ginn, sou z.B. mäin „Together“, wat e rhythmescht Stéck ass, dat mat Klick konnt opgeholl ginn. „Ode to the Helpers“ lieft awer méi vun der Fräiheet vun den eenzelen Interpreten, vum Lauschteren an Agoen openeen, alles Saachen, déi mat enger „online-connected“ Versioun net sou gutt ze verwierkleche sinn. Also ginn ech den Ament dovunner aus, dass d’Uropféierung nach e bësse wäert op sech waarde loossen.`

Ech maachen awer  elo mol eng digital Paus. Nom „Together“ an nom „Adieu“ ass et fir mech Zäit, mech nees méi intensiv dem Komponéiere vun neier Musek ze widmen.

Wéi wichteg ass Musek fir d´Gefill vun Zesummenhalt an der Gesellschaft a wéi gesitt Dir Är Roll doran?

Soulaang Musek gemaach gëtt, liewen d’Mënschen, oder ëmgekéiert: soulaang d’Mënsche liewen, wäert Musek gemaach ginn. Musek erënnert eis un eist wierklecht Wiesen, un eise „Kär“ souzesoen, an et ass eis Aufgab als Museker, d’Gesellschaft duerch eis Kreatiounen ze beräicheren. Dank de Museker an den Artisten am Allgemengen gëtt et dann och sou eppes wéi e Kulturministère mat all deene Leit, déi do hier Aarbecht fonnt hunn, a sou sinn ech frou, dass et trotz allen Erausfuerderungen fir all Mënsch ëmmer nees schéi Begéinungen gëtt, déi op géigesäiteger Wäertschätzung berouen.

Site vum David Ianni

ARTICLES