3 Froen un d'Anne-Laure Letellier vum CNA

04 juin. 2020
3 Froen un d'Anne-Laure Letellier vum CNA

Auteur: Ministère de la Culture

De Centre national de l'audiovisuel huet säit ronn zwou Wochen erëm seng Dieren op a proposéiert niewent dem Reservéiere vun Dokumenter online, och zwou Ausstellungen op hirem Site zu Diddeleng. Wärend dem Confinement goufen et awer zum Beispill mat de Fotoe vum Projet "chroniques d'une pandémie" och interessant Offeren online. D'Responsabel vun der Kommunikatioun, Anne-Laure Letellier, gëtt Ablécker an d'Aarbecht an dësen Zäiten.

Wéi huet Dir Iech fir d'Reouverture organiséiert a wéi ass d'Reaktioun vum Public?

Eis Ausstellungen "The Family of Man" zu Clierf an "The Bitter Years" am Waassertuerm zu Diddeleng sinn den 13. Mee erëm opgaangen. Eis zwou aner Ausstellungen "Hors-Champs" vum Christian Aschman a PFH* vum Karolina Markiewicz a Pascal Piron e puer Deeg méi spéit. Mir hunn natierlech all déi néideg Mesuren en Place gesat fir d'Sécherheet vun de Leit.

D'Reaktioune vum Publikum a vun der Press ware ganz positiv. D'Press huet vill iwwert eis geschwaat, virun allem och well dem Christian Aschman seng Ausstellung nei opgaangen ass. De Publikum ass och ganz begeeschtert an et ware scho méi wéi 250 Leit an der Ausstellung vum Christian Aschman.

D'Mediathéik huet ganz vill Succès beim Publikum säit der Reouverture den 13. Mee. Et si ganz vill Reservatioune gemaach an Dokumenter verschéckt ginn. D'Mediathéik mécht Samschdeg, de 6. Juni erëm ganz op, mat Ouvertureszäiten, déi un déi nei Aarbechtsbedingungen ugepasst sinn.

Wéi eng digital Offeren huet Dir wärend dem Confinement ugebueden?

Den CNA huet och wärend dem Confinement eng ganz Réi Offeren ugebueden, virun allem iwwert eis sozial Netzwierker:

  • Mir hunn eng "Commande photographique" lancéiert fir den Impakt vun der Pandemie op dat sozialt Ëmfeld ze weisen, sou wéi och op déi urban an natierlech Landschafte vu Lëtzebuerg. Dës "chroniques d'une pandémie" illustréieren dacks onbegräiflech an onrealistesch Situatiounen an Atmosphären. Déi sechs Fotografen Patrick Galbats, Romain Girtgen, Véronique Kolber, Andrés Lejona, Carole Melchior a Marc Schroeder hunn eng Dokumentatioun erstallt iwwer Landschaftstransformatiounen, d'Zoumaache vu Baustellen, Geschäfter, Kultur-, Fräizäit- an Touristeplazen, d'Verloosse vun ëffentlech Plazen, d'Reduktioun vum Stroosse- a Loftverkéier an d'Annulatioun vun den traditionellen Evenementer, déi normalerweis am alljärleche Kalenner stinn. Hire Bléck riicht sech och op d'Adaptatioun vun den Awunner un dëse neie Kontext. All Fotograf huet eng Regioun vum Land an e Sujet gewielt fir wärend puer Woche mat Fotoen ze couvréieren. D'Resultater goufen all Dag wärend e puer Wochen an de soziale Netzwierker publizéiert. Dës Aarbecht hat eng grouss Resonanz beim Publikum an an der Press. De ganzen Album fënnt een hei: https://bit.ly/2U6scnO
  • Eis Mediathéik huet iwwer d'Video on demand-Plattform "kanopy", den ageschriwwene Lieser eng ganz Rei vu Filmer ugebueden, vu Fiktioun, iwwer Dokumentarfilmer bis Kannerfilmer. Et war e grousse Succès a mir haten 195 nei Aschreiwungen.
  • Mir hunn dem Publikum erëm eis virtuell Ausstellung iwwert den Thierry van Werveke proposéiert.
  • Mir hu reegelméisseg Kannerateliere proposéiert iwwert eis sozial Netzwierker.
  • Mir hunn och Archivbiller vum CNA op eis sozial Netzwierker gesat an online gratis Konferenze proposéiert, déi mir opgeholl haten.

Wat huelt Dir vun dësen Erfarunge fir d'Zukunft mat?

Flexibilitéit an Ëmdenke waren an dësen Zäiten immens wichteg an dat misst och esou bleiwen. Déi digital Solutiounen, déi mir proposéiert hunn, wëlle mir och zum Deel weiderfeieren.